
Wann een haut op déi éischt Editioun zeréckkuckt, da kënnt gären de Saz: “Et gëtt e virun 1995 an en no 1995.
Grad just emol 7 Méint bis d’Ouverture hat de Claude Frisoni, wéi hien no der Demissioun vum Guy Wagner, d’Coordinatioun vun 1995 iwwerholl huet an eng Mini-Ekipp. E bëssi Kamikaze war dat schonn a Kandidat war hien, deen deemools zoustänneg war fir d’Promotioun an d’Publicitéit vum Kulturjoer, och net. Mä designéiert gouf e vun der Buergermeeschech vun der Stad Lydie Polfer an vun der Marie-Josée Jacobs, déi deemools als delegéiert Ministesch och de Ressort vun der Kultur geleet huet.
Den éischte groussen Optrag war et op d’Sich no Moyenen a Sponsoring ze goen.
E puer Initiative ware wuel decidéiert, zum Beispill d’Iddi vun der Zeltstad, dem Häerzstéck vum Joer um Plateau Saint-Esprit, do wou haut d’Geriicht ass.
Vill Kulturgebaier vun haut sinn eréischt no 1995 gebaut ginn, et huet ee sech also musse Plaze schafen, wéi de Casino an der Ënneschtgaass, deen duerno eng kulturell Vocatioun krut.
Villes ass zënter 1995 entstanen, en Etleches bliwwen, symbolesch sécher och déi grouss faarweg Nana vum Nikki de St-Phalle, déi elo bei der Villa Vauban steet.
D’Kulturliewen huet evoluéiert, d’Professionaliséierung an d’Valorisatioun vun de Kënschtler, nei Infrastrukturen, grouss Eventer - alles dat huet deemools seng éischt Friichte gedroen an och de Publikum ass sensibiliséiert ginn. Och de Grand-Public, wien hat jee geduecht, datt d’Rolling Stones eemol géingen um Kierchbierg spillen. Spontan war deemools d’Chance genotzt ginn, well de Concert zu Atheen ofgesot gi war. E Risen-Event an eng logistesch Erausfuerderung.
An der Spezial-Emissioun No Art on Air am Kader vun der Ouverture vun Esch 2022 ginn et nach weider Impressioune vun 1995 an 2007 um 19h00 op Tele Lëtzebuerg.