De Programm vum City Film Fest
Filmer, Präisser, Eventer, Workshops, Renconteren a méi!
Et ass déi mëttlerweil 13. Editioun vum Luxembourg City Film Festival. Virop sinn d'Organisateure frou, de Festival déi éischte Kéier zanter dräi Joer ouni sanitär Restriktioune gestalten ze kënnen. Deementspriechend vast ass de Programm.
Eng Abberzuel u Jurye kréinen um Festival déi beschte Produktiounen. D'Partenairë sinn houfereg matdeelen ze kënnen, dass dëst Joer eng Réi grouss Nimm un den Eventer deelhuelen. Esou gëtt zum Beispill den internationale Jury dëst Joer vum zweefachen Oscar-Gewënner Asghar Farhadi presidéiert.
Déi offiziell Competitioun :An der Haaptkompetitioun sinn aus enger ronn 900 Filmer der néng Stéck an d'Auswiel fir de grousse Präis komm. Dorënner och eng reng Lëtzebuergesch Produktioun vun der Realisatrice Laura Schroeder:
- Maret
Zwou weider Lëtzebuerger Koproduktiounen hunn et an d'Selektioun gepackt:
- Saules aveugles, femme endormie
- The kings of the world
Déi aner Filmer,déi op de Präis hoffen, sinn:
- 1976
- Autobiography
- Leonor will never die
- The quiet girl
- I have electric dreams
- World War III
Kategorie DocumentairenAn der zweeter grousser Kategorie vun den Documentairen si siwe Filmer an der Course :
- De humani corporis fabrica
- Paradise
- Riotsville USA
- Rojek
- Silent house
- Nous étudiants
- We will not fade away
Soss nach um Programm:
De City Film Fest ass ëmmer begleet vun enger Abberzuel Workshops, Renconteren, Eventer a Konferenzen.
Ënnert anerem steet e VR-Pavillon vum 1. bis zum 19. Mäerz an der Abtei Neimënster, an deem een en Abléck an d'Welte vun der virtueller Realitéit kritt.
D'Expositioun "Small Stories by David Lynch" kann een elo schonn an de Ratskeller am Cercle Cité kucke goen.
De ganze Programm vum City Film Festival an all d'Filmer, déi gewise ginn fannt der hei. Reservéiert är Ticketen um Site vum Luxembourg City Film Festival.