Dëst Joer annoncéiert sech déi antëscht 3. Editioun vum LOA-Festival mat nach méi geckegen, méi faarwegen a flotte musikaleschen Highlights.

De Countdown fir de LOA Esch 2023 leeft, de 5. a 6. Mee ass et esou wäit an de komplette Line-Up steet, ma net just deen... D'Amateure vun der elektronescher Musek erwaart dëst Joer op der Place de l'Académie um Belval, ëmzéngelt vun den impressionanten Héichiewen nawell vill Neies.

Wärend zwee Deeg stinn net manner wéi 35 international DJs an national Kënschtler aus den ënnerschiddlechste Genrë wéi House, Dubstep, Techno an Electro op dräi Bünen. E Freideg 5. Mee geet et schonn um 16 Auer lass, e Samschdeg 6. Mee um 13 Auer.

Op der Mainstage dierf ee sech ënner anerem um éischten Dag op Bassjackers, Topic, Retrovision oder nach Tarik Asadi freeën. E Samschdeg da leeë Kënschtler wéi BYOR, Empra, La Fuente, Marten Hørger an  MBP op.

Richteg gespaant sinn, dierft een awer op déi sougenannten "Inferno Stage". Bei den Héichiewen dierf een zu den Techno-Beats vun ënner anerem de Gilles Bock, Feller oder nach Xamara erliewen. Fir all Fan vun der elektronescher Musek ass eppes dobäi, mat och enger "Rave Cave". Hei huet ee sech um hidden Stage vum leschte Joer inspiréiert mat de Wäschmaschinnen. De Pendant sinn an dësem Fall Schëffscontainer.

Natierlech gëtt bei all deem Gefeiers och un d'Ëmwelt geduecht. Schonn an de Jore virdrun hunn d'Organisateure vum LOA vill Wäert dorop geluecht, dass net ze vill Knascht entsteet, Nohaltegkeet ass deemno wéi gewinnt grouss geschriwwen. Nieft dem "Food Village" mat sëllege Foodtrucks, gëtt et och nees eng "Chill Out Area" an et kann ee wéi gewinnt op de Cashless-System zeréckgräifen.

Tickete kritt een um LOA-Site ze kafen. A wien nach net esou richteg a Festival-Stëmmung ass, dee ka vläicht nach den Aftermovie vum LOA 2022 iwwerzeegen.