Wéi wier et mat engem Ausfluch an d'Lëtzebuerger Ardennen? Hei erwaart Iech beim Park Sënnesräich e 15.000m2 grousse Maislabyrinth mat e puer Extraen.

An dëst si 6 interaktiv Statiounen, fir ze experimentéieren, déi ee matten dran erwaart. Bis un d'Zil an der Mëtt ginn et do exakt 48 verschidde Méiglechkeete sech ze verrennen.

Summer-Agenda: Maislabyrinth vum Park Sënnesräich

A wann een alles richteg mécht, dann ass een no ongeféier 1,1 km an zwou Stonnen, inklusiv Paus fir déi verschidde Statiounen, doduerch. Fir dem Konzept vum Matmaachmusée Sënnesräich trei ze bleiwen, konzentréiert ee sech fir d'Experimenter op d'Sënner, wéi d'Elisabeth Fretz vum Park Sënnesräich erkläert:

"Hu mer eis bei der leschter Editioun nach méi op déi 5 mënschlech Sënner konzentréiert, wat eben och d'Thema vun eisem Matmaachmusée ass, ass et bei dëser Editioun de Sënn kucken, deen am Fokus steet. An deene verschiddenen Zonen am Maislabyrinth geet et also ënnert anerem ëm d'Fonctionnement vun den Aen, d'Wouerhuele vun de Faarwen, d'Blanneschrëft vum Louis Braille, Déiere mat besonneschen Aen a villes méi."

Et léiert een deemno direkt och nach eppes bäi. A genee dat ënnerscheet dëse Labyrinth vun all deenen aneren. D'Maislabyrinth ass zougänglech bis Sonndes de 17. September an et kann een e vu Méindes bis Donneschdes Mëttes vun 13.30 Auer bis 16.30 Auer a Freides, Samschdes a Sonndes vu Moies 10 bis 16h30 besichtegen.

Et muss ee sech dann och net am viraus umellen, et kann een awer:

"Wann ee sech net wëll ustellen an der Keess, da kann ee seng Tickete bei eis op der Internetsäit bestellen."

Eng flott Aktivitéit fir déi ganz Famill a fir Kanner tëscht 4 an 12 Joer soll de Maislabyrinth besonnesch flott sinn. Nieft dem Labyrinth kënne sech d'Visiteuren op vill aner flott Iwwerraschunge freeën.

"Ënnert anerem e Fotospot aus recycléierte Becheren, e klenge Souvenirshop mat handgemaache Produiten an eng Ausstellung vu Biller, déi d'Kanner aus der Wëntger Maison Relais gemoolt hunn."

Weider Informatioune fannt Dir op sennesräich.lu, ënnert der Rubrik Maislabyrinth.