"Vun deenen 8 Stonne géife si der am léifsten 9 schaffen"
Beim Groupe Canin vun der Police schaffen aktuell 16 Hondsmeeschteren. Een dovunner ass de Germain Wolf a seng Partnerin op véier Patten, d'Pepper.
All Déngschthond gehéiert zwar offiziell der Police, mee si hunn ee festen Hondsmeeschter, bei deem si och doheem liewen a fest an d'Familljeliewen integréiert sinn. D'Pepper kritt am Januar 9 Joer an dierf och, wann et bis esou wäit ass, seng Pensioun beim Germain Wolf a senger Famille verbréngen. "Ech denken, mir sinn hinnen eng gewëssen Dankbarkeet schëlleg fir deen Déngscht, deen si gemaach hunn", ënnersträicht den Hondsmeeschter.
D'Pepper begleet seng Bezuchspersoun ëmmer op d'Aarbecht. Dat heescht och, dass hatt mol Permanencen an Nuetsschichten huet. D'Auerzäit wär den Hënn an sech egal, esou de Germain Wolf: "Wa mir soen, 'hëpp komm raus!', mir dinn hinnen d’Halsbänner un, d’Geschier un an si kréien de Kommando, da wëssen si genau wat leeft an da sinn si och prett fir alles ze ginn."
De Groupe Canin huet ënnerschiddlech Asazberäicher. D'Pepper ass op dräi Saache spezialiséiert. Hatt ass een ausgebilte Fäertenhond. Dat heescht hatt ka Mënschen opspieren, zum Beispill wann een Täter flücht sinn oder Mënsche vermësst ginn. An hatt ass och als Schutz- a Sprengstoffhond ausgebilt. Een Aarbechtsdag vum Pepper kann dem Germain Wolf no esou ausgesinn: "D’Pepper fänkt am Prinzip mat enger Gassi-Ronn un, wou mir ganz normalen Auslaf maachen, da fuere mir am Prinzip op de Büro a kucken op do iergendeppes géing ustoen, wann do näischt usteet, da fuere mir preventiv Patrulle, mir ginn d’Kommissariater dobaussen assistéieren, wann si eppes brauchen, oder mir hu virgeschriwwe Plazen, wou mir mussen ufueren."
D'Reaktioune vun de Leit wann si den Hond gesinn, sinn oft positiv: "Wat ee ganz oft héiert, 'oh wat ee schéinen Hond oh wat ee Léiwen', an d’Elteren héiert een dann ëmmer sou, 'oh kuck hei d’Police mam Hond', den Hond gëtt ganz gutt ugeholl. Et ass ee Sympathiefaktor, deen awer genau eng virdefinéiert Roll an der Police huet. E ka léif sinn, mee d’Leit wëssen awer och, dass wann si missten, kéint en intervenéieren, fir dem Beamten op der Plaz ze hëllefen."
Hei am Land si véier verschidde Rassen am Asaz fir d'Police. D'Majoritéit si Malinoisen, et ass eng Rass mat vill Energie an engem héijen Aarbechtswëllen. "Si wëlle permanent schaffen, mir mussen si net nach grouss motivéieren, fir déi Aarbecht mat eis ze maachen. Vun deenen 8 Stonne géifen si der am léifsten 9 schaffen", beschreift de Germain Wolf d'Zesummenaarbecht mat där Rass. Nieft de Malinoisen sinn nach Hollännesch an Däitsch Schéiferhënn am Asaz an ee Riesenschnauzer.
Dësen Hierscht kënnt all Woch eng nei Folleg vun der Serie "Ausgebil(l)t - Muppe bei der Aarbecht" eraus. All d'Folge fannt dir och op RTL Play.