Den 10. Oktober steet ganz am Zeeche vun de Muppen: treie Begleeder, flauscheg Frënn a kleng Helden am Alldag.

Ob als Familljemember, Therapiehëllef oder Retter an Nout – Muppe beräicheren eist Liewen op villfälteg Manéieren.

De Weltmuppendag ass eng Geleeënheet, Merci ze soen: un déi, déi sech fir den Déiereschutz asetzen, un d’Leit, déi Muppen adoptéieren an hinnen e léift Heem schenken, an natierlech un d’Muppe selwer – fir hir Léift, Gedold an Loyalitéit.

Vläicht ass et och den ideale Moment, fir eng extra Ronn Spadséiergang, eng besonnesch lecker Schank oder soss eng kleng Belounung ze schenken. Fir déi, déi nach kee Mupp hunn: vläicht ass haut den Dag, fir sech mat der Iddi unzefrënnen? Am Déierenasyl waarden der ëmmer nees op en neit Doheem. Mä e Mupp ass deen Ament och een neie Familljemember. Däers sollt ee sech bewosst sinn, ier ee sech fir eng Adoptioun decidéiert.

"Den Asyl ass dat ganzt Joer iwwer voll"
Mir waren eis op Diddeleng ukucken, wéi d'Aarbecht en engem Déierenasyl am Alldag ausgesäit.