Um Ann Müller hirem CV steet ënner anerem Cheffin vun der LUGA.

Am Café des artistes am Gronn ginn den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gewuer, firwat si net Notär ginn ass, mee Comptabel, Agentin fir Museker an Diplomatin zu Berlin an der Lëtzebuerger Ambassade. Mir héieren, dass hir Mamm eng zimmlech streng war, dass si eng Kéier zimmlech uerg op de Kapp gefall ass a wéi hier "Scheedungsparty" verlaf ass. Mir kréie mat, firwat et wéinst engem Pullover vum Nina Hagen bal Doudeger gouf, a wéi si zu hirem Spëtznumm Analop komm ass.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.