Ob Tim Burton oder Terry Gilliam... Eng ganz Partie weltbekannte Regisseure si staark vum tschecheschen, surrealistesche Regisseur a Video-Kënschtler beaflosst.

Seng surrealistesch Animatiounen, Kuerzfilmer a Filmer sinn, och wann se ënnert de Kenner vum Kino Kultstatus erreecht hunn, dem Grand-Public éischter onbekannt. De Jan Švankmajer huet an de leschte Joerzéngten virun allem wéinst senger Stop-Motion-Technik a sengem Talent fir surreal, alpdramhaft an awer och witzeg Filmer vill vu sech schwätze gedoen.

Wierker wéi Alice aus dem Joer 1988, Faust aus dem Joer 1994 oder seng grouss Unzuel u Kuerzfilmer wéi Jabberwocky oder Food weise ganz kloer, wou d'Rees mam tschechesche Surrealist hi geet.

Ongemittlech Téin, onnatierlech Beweegungen, d'Kombinatioun aus organeschem an net-organeschem Material... Seng Filmer sinn definitiv anescht, héich surrealistesch, deels nihilistesch, eenzegaarteg a praktesch onverkennbar.

Wéi gutt kenns du dech mam Jan Švankmajer a senge Filmer aus? Test däi Wëssen a probéier all Fro richteg ze beäntwerten.