25 Joer gëtt et d'Band elo an der Tëschenzäit. Gefeiert gëtt mat engem neien Album a passende Videospill.

1997 hunn d'Kitshickers als "grunge Quartett" ugefaangen. Zwee Lineup-Changementer a 25 Joer méi spéit, hu si sech zu enger Band entwéckelt, déi eegene Beschreiwungen no, éischter a Richtung "Post-Rock, Post-Apokalyptesch, Metal" geet. Zanter hiren Ufäng koumen zwee Tapes, aacht Alben an eng EP eraus. Mä, vue dass e fir si immens wichteg ass, d'Nolauschterer "op eng Rees" matzehuelen, schaffe si ëmmer divers Konzepter aus, fir hir Releasen z'illustréieren. Dësen néngten an aktuellsten Album "The Boarwin Hunt" soll do och keng Ausnam sinn.

Zanter hirem éischten Album ziele si eng ëmmer weidergoend Geschicht vun engem androgynnen Alien, deen an enger Welt opwiisst, déi him friem ass, an där hien awer all déi Phasen duerchlieft, déi och eist humaant Liewen ausmaachen. Elo fënnt hien dann awer raus, dass dat u sech eng Lige war - den Alien ass nämlech déi ganzen Zäit an enger virtueller Welt gewiescht. Deemno huet sech d'Geschicht vum Album natierlech gutt fir eppes Virtuelles, respektiv Digitales ugebueden. D'Iddi fir d'Videospill ass gebuer.

D'Detailer loossen ech elo de Gilles Heinisch, President vun der "Kitshickers Collective asbl", a Gittarist vun der Band, erklären. Just nach mäi Pefferkär zum Schluss, wisou den neien Album fir mech ee "Coup de Coeur" war, an dat ass ganz einfach: et intrigéiert. Wee kënnt w.e.g. op d'Iddi, een Album mat engem Arkade-Videospill ze koppelen? Ech wier net drop komm, appreciéieren d'Kreativitéit awer an dofir ass dat ganzt Konzept fir mech och een absolutte "Coup de Coeur".

Kitshickers
Gilles Heinisch am Interview