Lëtzebuerg keeft Bibel aus dem 11. Joerhonnert
D'Bibel wier eng immens Raritéit a se wier bemierkenswäert gutt erhalen, esou déi Responsabel vun der BnL.
D'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik huet an deene leschten zwee Joer hannert de Kulissen intensiv un engem bestëmmten Dossier geschafft. Si huet nämlech vun engem private Sammler eng extrem rare Bibel aus dem 11. Joerhonnert ugebuede kritt, déi eng enk Verbindung mam Scriptorium, also dem Schreifatelier zu Iechternach huet.
Lëtzebuerg huet dëse mëttelalterleche Manuskript no laange Verhandlunge kaaft an huet en elo eng éischte Kéier op enger Pressekonferenz gewisen.
Eng Bibel, déi an allen Hisiichten impressionant ass, och fir Leit, déi net gleeweg sinn.
Impressionnant fir d'alleréischt wéinst den Dimensiounen, déi dës Risebibel huet. Wa se opgeklappt ass, ass se 60 op 80 Zentimeter grouss.
Se ass och net op Pabeier geschriwwen, well däers gouf et viru bal 1.000 Joer nach kee bei eis an der Géigend. Et gouf Pergament benotzt: an dësem Fall Kouhaut, wéi de Luc Deitz, deen an der Nationalbibliothéik Spezialist fir Raritéiten ass, erkläert
"Et sinn - haalt Iech gutt un - 220 Kéi doranner verschafft an dat ganzt Wierk weit ongeféier 23 Kilo, mat den Deckelen allerdéngs. Dat muss ee sech virstellen, dat ass natierlech deemools e risege materielle Wäert gewiescht. E Cheptel vun 220 Kéier dat ass net näischt, och haut nach."
D'Risebibel ass awer och aussergewéinlech wéinst de Faarwen, déi benotzt goufen, wéinst hirem gudden Zoustand a well ganz genee gewosst ass, wou se vum 11. Joerhonnert bis elo war. Zënter 2008 war se an der Schwäiz bei engem passionéierte Sammler, dee wollt, datt se an déi Géigend zeréckkënnt, wou se geschriwwe gouf.
Dat war an der Abtei Sankt Maximin zu Tréier, mä mat der Hëllef vun de Mënchen aus dem Scriptorium zu Iechternach. Zu där Zäit e ganz renomméierte Schreifatelier. Haut géif ee soen, et war Teamwork.
"Et ass net eng Persoun, déi dat gemaach huet, mir hunn e ganzen Atelier vu Scriben. Mir ginn dovunner aus, datt der 10 bis 12 parallel do geschafft hunn. Dat muss ee sech scho virstelle wéi eng kleng oder mëttel Entreprise."
Impressionnant ass allerdéngs och de Wäert vun dëser Raritéit. Lëtzebuerg huet no Verhandlungen 4, 5 Milliounen Euro dofir bezuelt, wéi den Direkter vun der Nationalbibliothéik, de Claude D. Conter, seet.
"Et muss ee vläicht wëssen, datt eng Risebibel aus dem 11. Joerhonnert vun dësem Typ, en internationale Wäert huet, deen tëscht 4 a 7,5 Milliounen Euro läit. Zu eisem Dossier hunn och eng ganz Partie Expertise gehéiert."
Den Direkter vun der Nationalbibliothéik ass houfreg, datt dëse Manuskript elo zum Lëtzebuerger Patrimoine gehéiert an datt et net nach eng Kéier gaangen ass wéi an de 50er Joren, wou de Grand-Duché de Codex Aureus vun Iechternach ugebuede krut an en net kaaft huet. Eent vun den Argumenter fir hei "Jo" ze soen, war den enke Lien mam Iechternacher Scriptorium an d'Hoffnung datt d'Land méi attraktiv fir de Kulturtourismus gëtt.
De Claude D. Conter ënnersträicht, datt et op kee Fall drëms geet, déi Bibel elo ze hunn a just gutt ze versuergen.
"Mir wëllen déi Bibel onbedéngt weisen, well mer villes gewuer ginn iwwer Lëtzebuerg, seng Vergaangenheet an iwwert den Ufank vun der Schrëftkultur. Mir wëllen dat net nëmmen hei an der Nationalbibliothéik weisen, wat mer vum 7. Dezember bis den 8. Mäerz maachen, mä mir wëllen dat Dokument och no bausse bréngen. Mir wëllen et zu Iechternach weisen, mir wëllen et zu Tréier weisen, mir wëllen et iwwerall do weisen, wou d'Leit en Intressi hunn."
Fir déi Bibel kënnen ze transportéiere ginn awer extra Këschte gebraucht a se kann och nëmmen an enger spezieller Vitrinn gewise ginn. Dat muss alles op Mooss gemaach ginn a kascht natierlech nach eng Kéier Suen.
Fir déi Suen zesummenzekréien huet d'Nationalbibliothéik elo e Crowdfunding lancéiert.
Detailer fënnt een op patrimoine.bnl.lu.
Schreiwes
Votre don, notre patrimoine partagé – la Bibliothèque nationale lance un appel aux dons (05.11.2024)
Communiqué par : Bibliothèque nationale du Luxembourg (BnL)
Eric Thill, ministre de la Culture, et Claude D. Conter, directeur de la Bibliothèque nationale du Luxembourg (BnL), ont invité à une conférence de presse le mardi 5 novembre 2024 pour faire découvrir, en avant-première, un manuscrit millénaire des plus rares que la BnL vient d’acquérir et qui enrichit considérablement le patrimoine culturel et historique du pays.
Un document exceptionnel
Ce manuscrit médiéval est le dernier exemple de Bibles géantes écrites au 11e siècle, jusqu’ici détenu en mains privées à l’étranger. En plus de sa rareté exceptionnelle, il se distingue par son état de conservation remarquable et son lien étroit avec le scriptorium d’Echternach. En ramenant ce trésor millénaire, la BnL souhaite assurer sa préservation pour les générations futures et redonner au Luxembourg l’un des plus éclatants témoins de son passé.
«Il est très rare qu’un manuscrit retourne à son 'lieu de naissance', près d’un millénaire après sa confection; et il est encore plus rare que son cheminement au cours d’une si longue période puisse être retracé année après année. La Bible géante que la BnL a eu la chance d’acheter après de longues négociations en est un exemple unique.»
Claude D. Conter, directeur de la BnL
«Votre don, notre patrimoine partagé» - appel aux dons
La conférence de presse a marqué le lancement officiel d’un appel à dons visant la préservation pour les générations futures de ce trésor millénaire.
La campagne de crowdfunding durera jusqu’au 7 mars 2025. Les personnes intéressées pourront s’informer sur l’appel à dons, les modalités de soutien et les particularités de ce manuscrit médiéval sur le site web patrimoine.bnl.lu, accessible en français, anglais, allemand et luxembourgeois.
Les donations peuvent être effectuées via focuna.lu, le Fonds culturel national, par virement bancaire ou payconiq.
Déroulement de la conférence et sujets abordés
Après un mot d’accueil du directeur Claude D. Conter, Luc Deitz, responsable du fonds des manuscrits et imprimés rares à la BnL, a pris la parole pour présenter le manuscrit aux représentants de la presse. Ensuite, Claude D. Conter a détaillé l’appel aux dons et les modalités de soutien à ce projet ambitieux. La conférence s'est conclue par une intervention du ministre de la Culture, qui a clarifié les enjeux culturels et politiques de cette acquisition pour le patrimoine national:
«Ce document historique constitue non seulement un pilier fondamental de notre patrimoine culturel, mais représente également un atout précieux pour le développement du tourisme culturel au Luxembourg. La préservation et la protection de ce manuscrit millénaire sont essentielles pour offrir à chacun(e), ainsi qu'aux générations futures, l’opportunité de découvrir les richesses historiques et artistiques de notre pays.»
Eric Thill, ministre de la Culture
Accès directs vers:
- Site web multilingue avec vidéo : patrimoine.bnl.lu avec articles informatifs sur le manuscrit millénaire : sa matérialité, sa provenance et le scriptorium d’Echternach