Am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) gëtt et eng Kategorie "Uertschaften zu Lëtzebuerg". Fir déi auszebauen, ass Är Hëllef gefrot.

Zu Dol am Kanton Wolz gëtt et den Deeler Bistro, zu Buerglënster – oder an der Buerg, wéi gemenkerhand gesot gëtt – steet d'Bierger Schlass, zu Éinen un der Musel feiere se am Juli den Éiner Wënzerdag a wann an Däitschland eng Dier vun enger Schleis verschampeléiert gëtt, dann huet dat en direkten Impakt op de Mäerterter Hafen ... oder op de Mäerter Hafen? A wou der Jomer läit de Wämper Séi?

Dir gesitt, et ass guer net esou einfach, den Uertschaften hir richteg Adjektiver ze fannen. A wien Adjektiver seet, seet och Awunner an Awunnerinnen. Bei deenen hire Bezeechnungen huet een nämlech och dacks Krämpes: E Wolper kënnt vu Wolper, e Veiner vu Veinen an eng Ouljerin vun Ouljen.

Am LOD, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS, Kulturministère), fënnt een den Ament eng Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften an och eng ganz Partie Lieu-dite gradewéi Stater an Escher Quartiersnimm an enger eegener Kategorie. Wann déi passend Adjektiver an Awunnerbezeechnungen an den Dictionnaire géife bäigesat ginn, kéint ee se do am Zweiwelsfall nosichen.

Méi wéi 600 Uertschaftsnimm sinn opgelëscht. Validéiert gouf hir Schreifweis vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL), dat allkéiers no Récksprooch mat der jeeweileger Gemeng. No engem bestëmmte Schema gouf dës Lëscht elo hallefautomatesch ëm Adjektiven, Awunner an Awunnerinnen erweidert. Dat gesäit dann esou aus:

Uertschaft
Aansebuerg
Aassel
Aasselbuer
Aasselburren
Aasselscheier
Äischen
Äischer
Al-Esch
Allënster
Allerbuer
Allerburren
...
Adjektiv
Aansebuerger
Aasseler
Aasselbuerer
Aasselburrer
Aasselscheierer
Äischener
Äischer
Al-Escher
Allënster
Allerbuerer
Allerburrer
...
Awunner
Aansebuerger
Aasseler
Aasselbuerer
Aasselburrer
Aasselscheierer
Äischener
Äischer
Al-Escher
Allënster
Allerbuerer
Allerburrer
...
Awunnerin
Aansebuergerin
Aasselerin
Aasselbuererin
Aasselburrerin
Aasselscheiererin
Äischenerin
Äischerin
Al-Escherin
Allënsterin
Allerbuererin
Allerburrerin
...

Hei geet et bei déi komplett Lëscht mat den Uertschaften an hiren Derivaten. Dorënner och e puer Nimm vu Quartieren an och eng Partie Lokalvariante vun Uertsnimm. Häff an aner Lieu-dite goufen dogéint ewechgelooss.

Fir kënnen eng méiglechst komplett a korrekt Lëscht online ze setzen, freeë sech d'Mataarbechter an d'Mataarbechterinne vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch iwwer de Feedback vu Leit um Terrain, also vu lokalen Experten – natierlech besonnesch dann, wann en Adjektiv oder eng Awunnerbezeechnung net esou intuitiv ass, well se vläicht net ganz der Grondreegel entsprécht, no där ganz Reie kënne gebilt ginn.

Wann Iech also eppes opfält oder wann Dir eppes vermësst, dann zéckt net a mellt Iech: entweeder iwwer de Kontaktformulaire direkt beim LOD oder iwwer d'Commentairesfënster heidrënner.

Apaart spannend dierft dono e weideren Exercice ginn, deen ouni lokale Support kaum ronnzebréngen ass: d'Sich vun de passende Spëtznimm fir d'Awunner an d'Awunnerinne vun den eenzelen Uertschaften – vu Kéiskapp iwwer Plattfouss bis Pio ... Avis aux amateurs!