Wéi eng Filmer komme bis de Summer an eis Kinoen?

© RTL
Mir geheien e Bléck op déi Filmer, déi an der éischter Hallschent vum Joer an eise Kinossäll ze gesi sinn.
D'Joer ass nach net laang am Gaangen, ma d'Fans vum Kino goufen awer schonn am Januar mat enger Rei gudder Filmer verwinnt, dorënner beispillsweis eng Neiverfilmung vum Horror-Klassiker "Nosferatu" vum Regisseur Robert Eggers oder "The Brutalist" vum Brady Corbet, dee jo mat 10 Oscar-Nominéierungen zu de Favoritte bei der Präisiwwerreechung dëst Joer gehéiert.
Ganz rezent sinn dann och d'Biopic-Drama "Maria", iwwer d'Opernsängerin Maria Callas an den Horror-Fantasy-Film "Wolfman" mam Julia Garner erauskomm. Wat soss nach usteet, dat an engem 1. Deel emol bis Juni, soe mer Iech elo!
Februar
Och wann d'Loft lues awer sécher eraus ass an den Hype ëm Marvel a Co ëmmer méi ofhëlt, dierfen d'Fans sech dann trotzdeem iwwer "Captain America - Brave New World" freeën, dee gefillt 1.000. Film iwwer eng weider Konstellatioun vu Superhelden, déi d'Welt rette mussen.
Et ass domadder ze rechnen, dass de Superhelde-Film net déi erwaarten Zuelen am Box Office brénge wäert, en Trend, dee wéi gesot schonn eng Zäitchen z'observéieren ass. Release ass hei den 13. Februar, fréistens da kann ee sech selwer iwwerzeegen.
Fir d'Amateure vu romantesche Komedien dierft wuel d'Annonce vu "Bridget Jones: Mad About the Boy", de 4. Film aus der Serie, gefreet hunn. Ronn 9 Joer nom leschten Deel dierf ee gespaant sinn, ob d'Renée Zellweger an de Hugh Grant de Public ëmmer nach matrappe kënnen. Release ass hei de 27. Februar.
Weider Filmer, déi am Februar erauskommen: "The Gorge" (14. Februar op Apple TV+), "The Legend Of Ochi", den neie Film vun der Arthouse-Boîte A24 (28. Februar am Kino) an "The Monkey", en Horror-Film vum Oz Perkins, deen op enger Kuerzgeschicht vum Stephen King baséiert (20. Februar am Kino).
Mäerz
Am Mäerz erwaart eis dann déi schonn zënter Méint annoncéiert an deels gehypten Neiverfilmung vu "Snowwhite", dat vum Marc Webb. D'Schneewittchen gëtt hei vum Rachel Zegler gespillt, eppes dat zënter der Annonce am Internet staark diskutéiert gëtt, änlech wéi beispillsweis d'Diskussiounen ëm d'Besetzung vun der Haaptroll fir d'Neiverfilmung vun "Ariel" aus dem Joer 2023.
Dislikes vun der Film-Community ënnert dem Trailer vum Film am Hierscht 2024 ware fir Youtube-Verhältnisser scho bal rekordverdächteg. Wéi de Film schlussendlech bei de Leit ukënnt, bleift awer ofzewaarden. Vum 21. Mäerz u kann ee sech selwer am Kino iwwerzeegen, falls een nach net schonn eng Fatigue vun Disney-Neiverfilmungen huet.
Weider Filmer, déi am Februar erauskommen: "Mickey 17", e Sci-Fi-Film vum Bong Joon Ho mam Robert Pattinson (7. Mäerz am Kino) an "The Electric State" eng Sci-Fi-Komedie mam Millie Bobby Brown an dem Chris Pratt (14. Mäerz op Netflix).
Abrëll
Bei "A Minecraft Movie" ass et änlech wéi bei "Snowwhite", och hei gouf den Trailer am Virfeld zerrappt, dat virun allem well et an dësem Fall schwiereg ass, de Film selwer un de Public ze bréngen.
D'Fans vum Videospill gi bei de Kapp gestouss, wann hir Figuren aus dem Spill vum Jack Black, Jason Momoa, Emma Myers a Danielle Brooks gespillt ginn, an déi Leit, déi näischt mam Videospill ufänke kënnen, kënne wuel nach manner mam Film ufänken. Wéi sech de Film da schlussendlech wäert an de Kinoskeese verkafen, gëtt ee fréisten beim Release de 4. Abrëll gewuer.
Weider Filmer, déi am Abrëll erauskommen, sinn den Horror-Thriller "Sinners" mam Michael B. Jordan a Ryan Coogler (18. Abrëll am Kino) an "Drop", en US-amerikanesche spannende Mystery-Thriller vum Christopher Landon.
Mee
Am Mee dierf een dann elo scho fir déi 8. Kéier dem Tom Cruise nokucken, wéi een nees eng onméiglech Missioun erfëllt. "Mission: Impossible – The Final Reckoning" leeft den 23. Mee an de Kinoen un.
Et soll, esou op alle Fall d'Produzente vum Film, de leschte Film an der Serie sinn. Op dëst eppes mam Interessi bei de Visiteuren ze dinn huet, deen net schonn zënter dem leschten Deel ferm nogelooss huet, doriwwer kann een natierlech just spekuléieren.
Weider Filmer, déi am Mee erauskommen: D'Suite vun der schwaarzer Komedie "A Simple Favor", nämlech "Another Simple Favor" (1. Mee op Prime), de Marvel-Action-Film "Thunderbolts" (5. Mee am Kino) an de romantesche Fantasyfilm "A Big Bold Beautiful Journey" mam Margot Robbie an dem Colin Farrell (9. Mee am Kino).
Juni
Mat "Ballerina" bréngt Lionsgate e sougenannte Spin-Off eraus, dat aus dem Film-Universum vun John Wick mam Keanu Reeves, deen iwwregens an dësem Film net wäert d'Haaptroll spillen, ma awer trotzdeem eng Roll wäert iwwerhuelen.
A "Ballerina" spillt d'Ana de Armas eng Balletsdänzerin, där hir Famill ëmbruecht gouf a sech dofir elo bei de Verantwortleche "revanchéiere" wëll, ebe ganz an der Traditioun vun de beléiften John-Wick-Filmer. Vum 6. Juni u kann ee sech am Kino selwer iwwerzeegen, ob de Spin-Off genee sou gutt ass wéi d'Original oder net.
Weider Filmer, déi am Juni erauskommen: De Pixar-Animatiounsfilm "Elio" (13. Juni am Kino), d'Verfilmung vum Animatiounsfilm "How To Train Your Dragon", also déi sougenannte Live-Action-Versioun (13. Juni am Kino), de Formel-1-Film "F1" mam Brad Pitt an der Haaptroll (27. Juni am Kino) an "28 Years Later", de laangerwaarten 3. Deel an der Horror-Zombie-Filmserie, gedréint vum Danny Boyle mam Dréibuch vum Alex Garland.