Am Kader vum Luxembourg City Film Festival gëtt all Joers een Owend der Konscht vum Kuerzfilm gewidmet.

Gewise gi Courts-métragen, déi zu oder mat Lëtzebuerg produzéiert goufen. Ganzer 52 Projete goufe fir dëst Joer agereecht. De Choix vum professionelle Selektiounscommité war e Méindeg den Owend um ganz groussen Ecran ze gesinn.

Den Undrang beim sougenannte Shorts Showcase war grouss. Publikum, Realisateuren, Schauspiller a Co. waren am Kinepolis Kierchbierg zesummekomm, fir déi 13 Kuerzfilmer ze entdecken an ze feieren, déi fir déi 15. Editioun vum LuxFilmFest zeréckbehale goufen. Dës Selektioun ze maachen, war guer net sou einfach, sou d’Chiara Lentz, Programm-Coordinatrice vum LuxFilmFest.
 
Als 1. Film um Programm stoung " HUSS " vum Laurent Prim. Kuerzgefaasst geet et ëm de Personnage Huss, deen a sengem Duerf näischt ausser Angscht a Misär verbreet an esou d’Leit zu engem verzweiwelten Akt vun der Selbstjustiz dreift. E Projet mat 11 Schauspiller.
 
De Ganaël Dumreicher konnt dem Lëtzebuerger Public säin experimentelle Kuerzfilm "Kiesler’s Body" presentéieren, dee scho mat Präisser an Europa a China ausgezeechent gouf.

"Sou ee Showcase, dat motivéiert weiderzemaachen. Ech hat viru fënnef Joer déi éischte Kéier een hei an dat huet immens motivéiert. Wann een dat um grousse Screen gesäit, mat Leit, Kolleeginnen awer och Frënn a sou weider, da kann ee vill doriwwer schwätzen. Dat ass natierlech ee super Moment."

Dës Kuerzfilm-Soirée bitt de Realisateuren a Realisatricen eng gutt a wichteg Plattform, fir Aarbecht ze weisen a sech ze vernetzen. D’Anne Simon konnt hei fir d’alleréischte Kéier hire neiste Kuerzfilm " Fade to Black" um groussen Ecran weisen.

Méi Informatiounen iwwer jidderee vun deenen 13 selektionéierte Filmerfënnt een hei 

De LuxFilmFest leeft nach bis de 16. Mäerz.