
De schwaarzen Diamant huet deemno e Mëttwoch op enger Online-Stee de Besëtzer gewiesselt. Dat huet d’Londoner Auktiounshaus Sotheby’s matgedeelt.
De rare Steen, e sougenannte Carbonado, gouf eréischt viru Kuerzem eng éischte Kéier ëffentlech zu Dubai, Los Angeles a London ausgestallt. De fréiere Proprietär, deen net mam Numm genannt gouf, hat de Bijou, deen am Guinness-Buch vun de Rekorder agedroen ass, an de leschten 20 Joer ni presentéiert. Den “The Enigma” gouf vun Experte sou geschlaff, datt e 55 Facetten an d’Form vun engem handflächefërmegen Hamsa-Symbol huet. Dëst steet an der Golfregioun fir Muecht a Schutz. Duerch déi aussergewéinlech Häert vum Steen huet de Schlëff vum risegen Diamant dräi Joer gedauert.
Experte ginn dovun aus, dat de raren Diamant viru méi wéi 2,6 Milliarde Joren duerch den Aschlag vun engem Meteorit oder Asteroid op der Äerd entstanen ass. D’Aktiounshaus hat de Bijou virop als “kosmescht Wonner” bezeechent.
Sougenannte Carbonadoe ginn eigentlech net als Bijoue genotzt an och nëmme seele versteet. Ma an der lescht wieren déi donkel Steng awer ëmmer méi beléift ginn. Opgrond vun der Häert komme se normalerweis bei industrielle Bueraarbechten an den Asaz.