Journées européennes du patrimoine3 Concerten am Auditoire vun der Villa Louvigny

RTL Lëtzebuerg
Wärend ville Joerzéngten huet d'Villa Louvigny Radios- an Télésgeschicht geschriwwen, ier am Joer 1991 RTL op de Kierchbierg geplënnert ass.
VIDEO: 3 Concerten am Auditoire vun der Villa Louvigny
Wärend ville Joerzéngten huet d'Villa Louvigny Radios- an Télésgeschicht geschriwwen, ier am Joer 1991 RTL op de Kierchbierg geplënnert ass.

Bis 2006 huet den RTL-Orchester,  respektiv den OPL den Auditoire nach benotzt.

De Kulturministère an Zesummenaarbecht mam "Atelier" haten um Sonndeg am Kader vun de "Journées européennes du patrimoine" Concerten am Auditoire organiséiert.

3 verschidde Concerte goufe proposéiert.

Virun engem Joer ass d'Villa Louvigny och als nationaalt Monument klasséiert ginn. 1871 gouf si vum Ingenieur Jean Charles Christophe Louvigny gebaut.

Back to Top
CIM LOGO