"Festival d'Avignon"4 Lëtzebuerger Kreatioune beim Festival OFF

RTL Lëtzebuerg
Dorënner d'Theaterstécker "Terres Arides" vum Ian de Toffoli a "Frontalier" vum Jean Portante.
4 Lëtzebuerger Kreatioune beim Festival OFF
Dorënner d’Theaterstécker “Terres Arides” vum Ian de Toffoli a “Frontalier”, realiséiert vum Frank Hoffmann.

Den Ament leeft déi 76. Editioun vum renomméierte Theater-, Danz- a Gesangsfestival zu Avignon.

Nieft dem offizielle Festival gëtt et zanter 1966 awer och de Festival OFF, wou dëst Joer 4 Lëtzebuerger Kreatiounen um Programm stinn. Beim Theater sinn dat d’Produktioun vum Théatre du Centaure “Terres Arides” vum Ian De Toffoli iwwer d’Rees vun engem Journalist a Syrien an “Frontalier” vum Jean Portante, dat de Frank Hoffmann am TNL realiséiert hat.

Den Festival vun Avignon leeft nach bis den 30. Juli.
Méi iwwer “Terres Arides” gëtt et den nächste Samschdeg an der Emissioun No Art on Air mat den zwee Acteuren Luc Schiltz a Pitt Simon.

Back to Top
CIM LOGO