Kremart Edition: 6 Bicher op eemol

© Tom Poull
Deen neie Lëtzebuerger Verlag "Kremart" bréngt direkt 6 Publikatiounen eraus, dorënner e posthume Krimi vum beléifte Lëtzebuerger Auteur Josy Braun.
E Freideg den Owend huet deen neie Lëtzebuerger Verlag „Kremart Edition“ zesumme mat der Walfer Gemeng op Walfer an d'Maison Dufaing invitéiert, fir do seng éischt Publikatiounen offiziell virzestellen.

D'Auteurinne vun de Smartbicher mat hire Wierker: Diane Neises, Claude Schiltz, Vesna Andonovic, Christiane Kremer (vu lénks). / © Tom Poull
Lass goung et mat véier kuerze Liesungen aus de „Smart-Bicher“ vun der Serie „Smart Kremart“. Déi Bichelcher am Mini-Format – si sinn ongeféier esou grouss wéi e Smartphone – sollen Auteuren eng modern Plattform an eiser mobiler Gesellschaft bidden a gläichzäiteg eppes fir eis Sprooch maachen. D'Kuerzgeschichte verspriechen e Liesgenoss fir 2,99 Euro, datt hu Christiane Kremer („De Wierdermoler“), Claude Schiltz („De Schnéihues“), Vesna Andonovic („Zëmmer Nummer 5“) an Diane Neises („Weidermerciäddinächsten“) bewisen.
4 Bicher, 4 Auteurinnen, 4 Themen a 4 ganz verschidde Stylen: romantesch, witzeg, surrealistesch, spannend a vrun allem lëtzebuergesch, kuerz a präiswäert.

D'Christiane Kremer an d'Anne Mélan hunn duerno „Mammendag“ presentéiert. D'Kannerbuch ass déi éischt Verëffentlechung vu Kremart Edition a beschreift an einfache Wierder an detailverléiften Illustratiounen d'Sich vum Sarah nom richtege Cadeau fir seng Mamm.
Dobäi hëllefen him säi beschte Frënd Joey an deem seng zwee Pappen.
„Mammendag“ ass eng kleng Geschicht mat engem grousse Message: Et ass e Plädoyer fir méi eng tolerant Gesellschaft.

Den Highlight vum Owend war héichprozenteg: „Armagnac“, de leschte Krimi vum Josy Braun, gouf virgestallt. An emotionale Wierder huet d'Josée Klincker, Wittfra vum Auteur, deen 2012 gestuerwen ass, erkläert, wéi déi Erzielung entstanen ass an elo posthum verëffentlecht konnt ginn. Si spillt am Oste vum Land, wou de Josy Braun Deeler vu senger Kandheet verbruecht huet … „Armagnac“ beweist nach emol mat wéi vill Gefill a Kënnen den Auteur sech a senger Mammesprooch konnt ausdrécken. Mat „Armagnac“ huet de Josy Braun (1938-2012) e Krimi hannerlooss, deen och en Hommage u seng Heemecht ass.

D'Josée Klincker mat der Kriminalerzielung „Armagnac“ vum Josy Braun. / © Tom Poull
De Josy-Braun-Krimi „Armagnac“, d'Kannerbuch „Mammendag“ an déi 4 Smart-Bicher sinn an de Librairien ze kréien. Oder kënnen direkt beim Verlag bestallt ginn.
Méi Detailer op kremart.lu, op hirer Facebook-Säit an um Stand vu Kremart Edition op de Walfer Bicherdeeg.