"Midnight Sun"5. Deel vun Twilight-Saga kënnt am August eraus

RTL Lëtzebuerg
Déi selwecht Handlung aus enger anerer Perspektiv: am neie Roman vum Stephenie Meyer gëtt d'Twilight-Geschicht aus der Siicht vum Edward Cullen erzielt.
© Twitter / The Twilight Saga

Et war eng Nouvelle, mat där wuel déi mannste Fans nach gerechent hätten: am August erschéngt dat 5. Buch vun der bekannter Vampir-Saga. 2005 ass den éischte Roman vun der Serie op de Maart komm. E grousse Succès, mat deem déi US-amerikanesch Autorin net gerechent hätt. Iwwer 70 Milliounen Exemplare goufen nämlech vun der Bicherrei verkaf.

Fir hirer treier Fan-Communautéit e Kaddo ze maachen, huet d’Stephenie Meyer sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss gehat. Op hirer Homepage gouf e mysteriéise Countdown ugewisen. De 4. Mee gouf der Geheimniskréimerei dunn endlech en Enn gesat: an engem Video huet si annoncéiert, dass Ufank August en neit Twilight-Buch op de Maart kënnt.

© Twitter / The Twilight Saga

Dobäi schléisst “Midnight Sun” awer net u “Breaking Dawn” un, mä am Roman gëtt d’Handlung vun “Twilight” aus der Siicht vum Edward Cullen erzielt, dem attraktive Vampir, dee weltwäit Millioune Fraenhäerzer méi séier schloe gelooss huet.

D’Schrëftstellerin wier sech bewosst, dass et besser Zäitpunkte géinge ginn, fir en neit Buch ze verëffentlechen, awer si hofft staark, grad an Zäite vu Lockdown a Quarantän fir e bëssen Oflenkung vun der reeller Welt ze suergen.

Méi Detailer iwwert “Midnight Sun” fannt Dir op der offizieller Homepage vun der Autorin.

Back to Top
CIM LOGO