Hei geet et drëm, en Dialog tëschent verschiddene Kënschtler an Disziplinnen ze schafen an dat ganz am Sujet vum Remix. 6 Artisten hunn deemno am Duo un enger gemeinsamer Expo an der Escher Galerie Schlassgoart geschafft.
De CAL huet dräi jonk Artisten invitéiert, fir bei der Expo “Open Circle” dobäi ze sinn. Di 3 Artiste sollte sech dann am Virfeld en anere Kënschtler, dee Member beim CAL ass, un hir Säit huelen. D’Zil vum Projet ass et, esou verschidden Demarchen an Techniken mateneen ze verbannen, Collaboratiounen entstoen ze loossen an domat ganz nei Wierker ze kreéieren.
Duoen, déi hei entstane sinn, sinn zum Deel intergenerationell. Den Alain Welter an de Jean Marie Biwer an d’Floriane Soltysiak an den Tom Flick. Net intergenerationell, mee dofir zwou ganz ënnerschiddlech Praktiken hunn d’Fotografin Martine Pinnel an d’Molerin Sandra Lieners. Zwou artistesch Welten, déi hei openeen treffen, déi sech awer gutt ergänzen.
Eng digital Ästhetik ass eppes, wat d’Sandra Lieners och an hirer Molerei thematiséiert, vun dohier war et fir si och eng wëllkomm Erausfuerderung direkt mat enger Fotografin ze schaffen an eng nei gemeinsam Ästhetik ze fannen.
Bis de 25. Juni kann een déi nei Kreatioune vun den 3 Kënschtler-Duoen an d’Galerie Schlassgoart kucke goen.