
2016 hunn d’Stater Theateren den TalentLab lancéiert, eng Initiativ an där vrun allem d’Kreatioun a jonk an emergent Talenter an de Mëttelpunkt gesat ginn. Et ass eng hybrid Form, op der enger Säit e Festival an op der aner Säit eng Zort Laboratoire, an deem dëst Joer vun engem professionalle Jury Projeten aus de Beräicher Danz, Theater an Oper ausgewielt goufen aus 48 Kandidaturen aus 13 Länner. Wärend engen 10 Deeg hunn se elo d’Chance ausgeschafft ze ginn, zesumme mat de Parrainen a Marrainen an den 12. Juni wäerten dës Maquetten dem Publikum presentéiert ze ginn.
Tëscht dem 2. an dem 12. Juni sinn eng Rei Workshopen, Table-Ronden a Virstellungen uechtert verschidden Theaterhaiser an der Stad, am Kapuzinertheater, Groussen Theater, Nationaltheater an an der Banannefabrik.

“The Dogs of Europe” ass en dystopescht Theaterstéck, dat op dem Roman vum Alhierd Bacarevic baséiert. Et spillt 2049, wou e Mann probéiert e Mord opzeklären an dobäi an déi fréier Länner Belarus a Russland kënnt, déi elo all e groussen Territoire sinn a vun engem Geheimdéngscht iwwerwaacht ginn.
De BFT - Belarus Free Theater - ass e belarusseschen Underground-Theater, deen ënnert dem aktuelle Régime offiziell net registréiert ass an och net offiziell kann optrieden.
“Dogs of Europe” leeft e Méindeg 6. Juni an en Dënschdeg 7. Juni um 20 Auer am Groussen Theater.
Zwee intressant partizipativ Projeten sinn Rider Spoke an Box of life. Rider Spoke ass e Projet vun Blast Theory, dee schonn an 23 Stied op der Welt war. Dobäi fiert ee mam Wëlo duerch d’Stad a léisst sech iwwer säi Smart-Phone vun engem Erzieler Geschichte vun de Mënschen, déi hei liewen erzielen.

“Box of Life” gouf an Zesummenaarbecht mam Lycée des Arts et Métiers zesummegestallt. Si hunn d’Awunner vun der Stad Lëtzebuerg gefrot hir Reflektiounen a Gedanken zum Thema “Joie de vivre” an enger Box festzehalen. Mat de Postkaarten ass eng Installatioun am Foyer vum Groussen Theater ze gesinn a mat de Reflexiounen huet d’Choreografin Elisabeth Schilling iwwer Workshoppen en Danzspektakel opgebaut, dee wärend dem TalentLab opgefouert gëtt.

nullDen Direkter Tom Leick-Burns iwwer d’Wichtegkeet vum TalentLab.
Le TalentLAB, parenthèse enchantée de notre programmation, nous permettra cette année encore de partager l’instant présent avec les publics et les artistes et d’aller à la rencontre de spectacles inédits et de formes nouvelles. Car, plus que jamais, nous ressentons ce besoin impérieux de nous retrouver tous dans un espace bienveillant et ouvert et de nous laisser guider par l’esprit convivial de ces dix jours de festival. Avec les équipes des Théâtres de la Ville et de nos partenaires, nous avons hâte de retrouver les publics, porteur.es de projets et artistes, qui marqueront cette 7e édition, et de vibrer à l’unisson autour d’une programmation pluridisciplinaire faite de propositions aussi variées que fascinantes. Inscrite sous le signe de la présidence QuattroPole de la Ville de Luxembourg, cette édition sera l’occasion de retrouver sur nos plateaux des artistes du Luxembourg, de la Grande Région et des quatre coins du monde pour nous faire vivre des moments de bonheur, de réflexion et de dépassement de soi et nous connecter à l’ici et maintenant.