Happy Birthday70. Gebuertsdag vum Bruce Springsteen

RTL Lëtzebuerg
Den 23. September 1949 huet hien zu New Jersey d'Liicht vun der Welt erbléckt an haut gehéiert hien zu de bekanntste Rockmuseker weltwäit.
70. Gebuertsdag vum Bruce Springsteen
Den 23. September 1949 huet hien zu New Jersey d'Liicht vun der Welt erbléckt an haut gehéiert hien zu de bekanntste Rockmuseker weltwäit.

Eleng an Amerika huet hien iwwer 60 Milliounen Albe verkaf, weltwäit esouguer iwwer 130 Milliounen. E krut schonn 1 Oscar an 20 Grammy Awards. Op den Dag genau feiert de Bruce e Méindeg seng 70 Joer.

Héiere wäert een nach laang eppes vun dësem Welt-Museker. Bekannt ënnert dem Spëtznumm "The Boss" produzéiert de Bruce zanter 5 Joerzéngten een Hit nom aneren. 1972 koum säin éischten Album eraus mam Numm "Greetings from Asbury Park", de kommerziellen Duerchbroch konnt en awer eréischt 1975 no sengem 3. Album "Born to Run" feieren.

Seng Lidder erzielen ëmmer Geschichte vun den einfache Leit, net fir näischt identifizéiere sech Milliounen Nolauschterer mat senge Songs.

De 25. Oktober kënnt elo an Amerika säin neie Concerts-Film "Western Stars" eraus. Ze gesinn, kritt een Titelen aus sengem leschten Album, esou ewéi och Ausschnëtter vu fréieren Opnamen, ouni déi schéi Landschaften aus dem amerikanesche Westen ze vergiessen, iwwregens Landschaften, déi hien, wärend dem Komponéieren, inspiréiert hunn.

Fir vill Leit ass a bleift de Bruce Springsteen eng Rock-Ikon, an deem Sënn: "Happy Birthday Bruce".

Back to Top
CIM LOGO