"Theben Park" ee gelongent Stéck Theater
"Firwat huet hie säi Papp ëmbruecht a virun allem wéi?" Dat ass d'Fro ronderëm, déi sech d'Theaterstéck "Theben Park" dréint.
Geschriwwe vum Sergio Blanco a realiséiert vum Lëtzebuerger Frank Hoffmann spillt dat ganzt Stéck um Basketballsterrain vun engem Prisong an et dréint sech alles ëm 3 Personnagen, gespillt vun 2 Schauspiller. D'Annick Goerens wor fir eis kucken.
Et ass eng Geschicht tëscht engem ambitionéierten Auteur an engem jonke Prisonnéier, dee leidenschaftlech gäre Basket spillt an am Prisong sëtzt, well e säi Papp ëmbruecht huet. D'Zil vum Schrëftsteller ass et, een Theaterstéck iwwer déi tragesch Geschicht ze schreiwen an z'inszenéieren. Den drëtte Personnage ass de Schauspiller Federico, deen duerno de sougenannten "Vatermörder" soll spillen. Et ass dat éischt Stéck vum Sergio Blanco, dat op Däitsch opgefouert gëtt.
Am "Theben-Park" dréint sech alles ëm den Theater. Et weist de kreative Prozess, also wéi ee Stéck lues a lues opgebaut gëtt, a sou entsteet dann och d'Theaterstéck, an deem ee méi vum "Vatermord" an de Motiver gewuer gëtt, vermëscht mat e puer exageréierten Detailer, déi den Auteur an aller kënschtlerescher Fräiheet derbäi gefügt huet.
Theatralesch gesinn ass et eng Reflexioun iwwer d'Grenzen tëscht Konscht a Liewen.
"Theben-Park" ass ee Stéck, wat ufänglech no enger villäicht banaler Sich no Sënn an de Motiver vun engem Mord ausgesäit. Mä schonn no enger véierel Stonn léisst eng ganz gelongen a geschéckte Mise-en-Scène vum Frank Hoffmann erkennen, dass et nach vill méi ass wéi dat. Et ass eng Reflexioun iwwer den Theater an d'Schreiwen, ëmgesat duerch eng super schauspilleresch Leeschtung, déi mat Amenter am Ufank zwar bëssen ënner Drock gewierkt huet, mä dat wor schnell vergiess, wéi d'Schauspiller waarm gelaf woren a mat immens gudden, a spilleresch ganz staark ëmgesate Momenter iwwerzeegt hunn.
D'Duerstellung vum Nicolai Despot als Schauspiller a Prisonnéier an dem Maik Solbach als Schrëftsteller hunn och dem Public op der Premiere vun Stéck ganz gutt gefall.
"Theben-Park" ass ee gelongent Stéck Theater an dierft deen een oder anere mat enger ganzer Partie musikalesch a literaresch Referenzen iwwerraschen: vum Sophokles sengem Ödipus-Mythos, dem Dostojewski sengen „Brüder Karamasow“, der Pop Band U2 an dem Mozart, et dierft fir jiddereen eppes derbäi sinn.
"Theben Park" leeft fir d’nächst den 20. November, dann nach de 25, 28 an 29. November.
LINK: Weider Infoen op tnl.lu.