Den 3. Deel vum Roger Seimetz senge Kleeserchersgeschichten ass do: Eng CD mat Geschichte ronderëm de Kleeschen an den Houseker...mä e bëssi aneschters.

[rating]De 6. November ass et nees sou wäit, da wor en do de Kleeschen. Bis dohinner ass et awer nach e bëssi an do huet ee jo nach gutt Zäit fir sech Geschichte vun deem gudde Mann mam wäisse Baart ze zielen.

De Roger Seimetz huet z. B. virun 3 Joer en éischten CD erausbruecht mat Geschichten iwwert de Kleeschen an den Houseker, wéi mir se bis well am Fong nach net kennen. Seng Geschichte sinn anescht, well hien op éischter Plaz de Kleeschen an den Houseker e bëssi wollt demythifiéieren.

Wou de Roger Seimetz dës Geschichte geschriwwen an opgeholl huet ass et him an éischter Linn dorëms gaangen de Kleesche méi mënschlech ze maachen, de Kanner e méi no ze bréngen. An dat well dem Kleeschen hei Saache geschéien déi mir och aus dem Alldag kennen, mat deene mir och regelméisseg konfrontéiert sinn.

An enger vun den éischte Geschichten zum Beispill, do kritt de Kleesche fatzeg Problemer mat der Police, an dat well den Houseker net opgepasst huet wou en de Schlitt géif parken. Um Police Bureau stellt sech dann och nach eraus, dass den Houseker guer kee Führerschäin huet. Doropshi wëllt de Polizist natierlech wësse wien déi zwee déi virun ëm stinn da sinn...

Wou de Roger Seimetz dës Geschichte viru 25 Joer eng éischte Kéier fir seng Kanner opgeholl huet, hat hien d'Geschichte ganz eleng opgeholl. Den Intro „EXTRAIT“ huet hie mat engem Instrumentarium aus enger Kanner-Spillkëscht selwer gemaach, an och d'Geräischer – eng Dir déi opgeet, eng Sirène déi jäizt, engem Auto deen uspréngt – woren authentesch vum Roger Seimetz. Wou dës Geschicht virun 3 Joer dunn awer beim René Nuss am Studio opgeholl goufen, wollt de Roger Seimetz dat ganz grouss opzéien – mat zwee Erzieler, Kanner déi matschwätzen an enger grousser Geräisch Kulisse.

Mëtt Oktober ass elo schonn den drëtte CD an där Serie erauskomm. Nodeems den Houseker gestreikt hat an de Kleeschen ee Joer a sengem Betrib iwwerfuerdert wor an ee Léierbouf huet missten astellen, fueren de Kleeschen an den Houseker op d'Plage fir sech vun deem ganze Stress z'erhuelen... An de Kleesche léisst et sech net huele fir de Geck mam Houseker ze maachen dee sech nëmme mat enger Bibbi an d'Waasser traut...

A well dem Ouschterhues säi Koseng dem Kleeschen de leschten Dezember huet missten hëllefen, paken de Kleeschen an den Houseker an der leschter vu 6 Geschichten dann och eng Hand un. Dat ass awer net esou einfach, well Ouschterdag läit jo meeschtens kee Schnéi an déi zwee hunn zerguttst Problemer fir hire Schlitt duerch de Kräsi ze zéien.