AC/DC-Sänger Brian Johnson riskéiert, daf ze ginn

D'Dokteren hunn dem 68 Joer ale Sänger vun der australescher Band AC/DC geroden, net méi opzetrieden. Hie géing soss riskéieren, komplett daf ze ginn.
Déi 10 Concerten, déi nach opstinn sollen eventuell mat engem Ersatz-Sänger nogeholl ginn.
D'US-Tournee hat den 2. Februar ugefaangen a sollt de 4. Abrëll mat engem Concert am Madison Square Garden zu New York op en Enn goen.
Duerno sollt d'Band op Europa-Tournée goen.
De Brian Johnson ass zënter 1980 derbäi. Hie war deemools als Nofolger vum Sänger Bon Scott agesprongen, deen no engem Alkoholexzess gestuerwe war.
Zënter 1973 huet AC/DC weltwäit iwwer 200 Milliounen Albe verkaf, dorënner "Back in Black" (1980), eng vun der meeschtverkaafte Placken an der Museksgeschicht.
Zu hire gréissten Hits gehéieren "Highway to Hell" an "Thunderstruck".
2014 koum de leschten Album eraus "Rock or Bust", deen éischten ouni de Gittarist Malcolm Young. De Matbegrënner vun der Band hat sech misste wéinst Demenz zeréckzéien. D'lescht Joer huet AC/DC sech vun hirem Batteur Phil Rudd getrennt, well en an Neiséiland wéinst Morddrohung ugeklot war.