
© Couleur livres
"Aucun autre endroit du monde est aussi cosmopolite et hétérogène" dat schreift den Auteur Richard Malpas iwwert den Univers vum Prison.
De Richard Malpas (dësen Numm ass e Pseudonym) huet ee Joer an dësem Universum verbruecht. A sengem Buch erzielt hie wéi et dozou komm ass, a wéi eng Erfarungen hien am Block P2 zu Schraasseg gemaach huet. Fir de Lieser villäicht iwwerraschend, huet hien duerchaus och positiv Erënnerungen un dës Zäit. Dobäi hätt hie sech ni dreeme gelooss, dass et eng Kéier souwäit komme géif. De Richard Malpas, dee seng Identitéit gäre géif geheim halen, war bereet, schrëftlech op e puer Froen ze äntweren.
Fro un de Richard Malpas: Dir schreift iwwer Är Erfarungen déi Dir wärend engem Joer am Prisong zu Schraasseg gemaach hutt. Wéi ass et dozou komm, dass Dir deemools an de Prisong komm sidd ? Dat ass elo schonn eng Zäitchen hier, wéini ongeféier war dat?
Richard Malpas:Et sinn elo e bësse méi wéi fofzéng Joer hier, datt d’Ereegnisser, déi a mengem Buch P2 erzielt ginn, stattfonnt hunn. Ech sinn inhaftéiert ginn no enger Affär am Zesummenhang mat Drogenhandel. Ech hat wärend e puer Méint Cannabis verkaaft. Et war kee Mënsch ëm d'Liewe komm an an där Zäit war ech och der Meenung, kee schwéieren Delikt gemaach ze hunn. Ze spéit hunn ech geléiert, datt d’lëtzebuergesch Justiz meng Meenung net gedeelt huet. Haut, als Familljepapp an éierleche Bierger, deen an engem ganz anere Milieu lieft, hunn ech natierlech eng ganz aner Siicht op meng eegen Affär.
Wéi d'Paart vum Prisong hannert him zougefall ass, war, wéi hie schreift, dat éischt Gefill eent vu Panik. "Je n'imaginais pas comment survivre les prochains mois sans dommage dans cette jungle(...)" Mä sou schlëmm sollt et dann awer net kommen, wat villäicht och domat ze dinn hat, dass de Block P2 fir d'Détention préventive, also d'Ënnersuchungshaft, reservéiert war.
Fro: Wéi hutt Dir déi Zäit erlieft ?
Richard Malpas:Et war e schwéiert Joer, mee och räich un Erfarungen a Momenter vu gemeinsamem Laachen. Déi nei Welt, an déi ech komm sinn, souwéi d’geriichtlech Prozedur, déi ech dunn duerchgemaach hunn, hu mech am Ufank staark gestresst. Mat der Zäit hunn ech meng Plaz fonnt, a fir déi éischt Kéier a mengem Liewen hunn ech mech vu mengem Ëmfeld ugeholl a geschat gefillt. Als eenzege Lëtzebuerger am Block P2, polyglott a gutt ausgebilt, hunn ech eng wichteg Roll fir meng Matgefaangener als Iwwersetzer, Assistant social an Ambassadeur bei de Giischtercher gespillt. De Respekt an d’Frëndschaft vu menge Kolleegen an dëser schwéierer Situatioun hu mir Vertrauen a mech selwer, a meng Fäegkeeten an a meng Zukunft ginn. Dës Zäit ass bis haut de Dreifstoff, dee mech am Liewe virubréngt a mir Kraaft a Courage gëtt.
De Richard Malpas erzielt net nëmme seng eege Geschicht, mä och déi ganz divers Geschichte vu senge Matprisonéier. Den Tommaso, deen duerch en dommen Zoufall an eng Affär verstréckt gi war, déi hie schlussendlech op Schraasseg gefouert huet, sollt dem Richard säi beschte Frënd ginn. Aner Detenuen déi an der Erzielung optauchen, sinn zum Beispill den Adam, deen et zwar mam Gesetz ni esou genee geholl huet, deen awer dacks fir gutt Laun an der Prisongscommunautéit suergt. Awer och de Suleyman, dee wéinst engem Gewaltverbriechen asëtzt oder de Vito, de Kapitän vun der Futtballekipp deen ëmmer e bësse mysteriéis bleift. De Giischtercher geheit den Auteur deelweis Muechtmëssbrauch vir, och wann et mam Joseph, deen en eegent Kapitel am Buch kritt, op d'mannst eng positiv Ausnam gëtt. (N.B.: D'Nimm vun alle Protagoniste si geännert ginn)
Fro: Äert Buch ass a Kapitelen ënnerdeelt, déi meeschtens den Numm vun enger Persoun als Titel hunn. Eng ganz divers Prisongspopulatioun deemno déi als eenzeg Gemeinsamkeet huet, dass si op dëser Plaz zesummekommen. Gëtt et eppes wat allgemeng d’Relatiounen tëscht Detenue charakteriséiert? Hutt Dir haut nach Kontakt mat dem engen oder aneren?
Richard Malpas:D’Prisonéier hu sech meeschtens no hiren Hierkonftslänner zesummegedoen. Am Allgemenge waren d’Relatiounen tëscht deene verschiddene Gruppen éischter gutt, an d’Gefill vun der gemeinsam erliefter Prisongsstrof huet eis verbonnen. A gewëssem Mooss kann ee soen, datt d'Liewen am Prisong d’Ënnerscheeder, déi duerch de soziale Milieu oder d’Hierkonft entstane sinn, ofgeschwächt huet.
No menger Detentioun hunn ech mäi Frënd Tommaso erëmgesinn, an heiansdo stoussen ech zoufälleg op Gesiichter, déi mech an dës Zäit zeréckversetzen. Ech hunn och Bréiwer mat zwee anere Prisonéier ausgetosch, déi nach ganz laang am Prisong bliwwe sinn. Leider muss ech soen, datt déi staark Frëndschaften, déi sech an der Prisongszäit entwéckelt haten, gréisstendeels hannert de Mauere vu Schraasseg bliwwe sinn, wéi ech fräigelooss gi sinn.
Fro: Wéi eng Kritikpunkte géift Dir um Prisongssystem ubréngen, an huet sech mëttlerweil eppes geännert?
Richard Malpas: E wichtege Punkt zu menger Zäit war d’Iwwerbevëlkerung am Prisong. D’Méint, déi mir zu dräi an enger klenger Zell verbruecht hunn, wou mir nëmme fir d’Iessen a fir kuerz Spadséiergäng an den Haff eraus duerften, waren immens ustrengend. D’Ouverture vum Prisong vu Suessem am Joer 2022 huet d’Situatioun däitlech verbessert.
En anere grousse Problem war d’Ausbildung, de schouleschen Niveau an d'Rekrutementsprozedur vun de Giischtercher. Bei deem Punkt sinn ech net iwwerzeegt, datt zënter menger Liberatioun grouss Verännerunge stattfonnt hunn.
Mat sengem Fräikomme war et awer nach net direkt den Happy End fir de Richard Malpas. Obwuel hien net wierklech drogenofhängeg war, sollt seng Rehabilitatioun hien nach an aner Institutioune féieren. An natierlech hat hien och nach säi Prozess virun der Broscht. Et huet also gedauert, bis hien tatsächlech en neit Liewen ufänke konnt.
Fro: Dir hutt mëttlerweil en neit Liewen, ugefaangen mat enger Aarbecht an enger Famill. Wat behaalt Dir aus Ärer Zäit am Prisong zeréck a wat géift Dir anere Leit roden, déi haut am selwechte Fall sinn wéi Dir deemools?
Richard Malpas:Ech hat eng schwéier Kandheet a Jugend, iwwer déi ech méi am Detail an engem neie Buch erzielen, dat am Mäerz 2026 erauskënnt. Wat mech de Prisong geléiert huet, ass, datt ee virun allem ni dierf opginn. An deene schwéiersten a souguer hoffnungslose Situatioune bleift ëmmer nach ee klengen Hoffnungsschimmer. Déi eenzeg Méiglechkeet fir sech duerchzekämpfen, ass sech un dëser Hoffnung festzehalen an ze schaffen, vill ze schaffen. Meng Matprisonéier hu mir kloer gemaach, datt ech am Verglach zu villen aneren nach Chance hat, a si hu mir gehollef, mäi Selbstvertrauen erëmzefannen. De Prisong huet mir erlaabt, e Kapitel zouzemaachen a mat Vertrauen an d’Zukunft ze kucken. Well nom Ree kënnt ëmmer erëm d'Sonn.
"P2 - Un an dans les prisons luxembourgeoises" gëtt en interessanten Abléck an eng Welt, déi di meescht vun eis just aus Filmer kennen. Natierlech ass dësen Abléck subjektiv, a wéi de Richard Malpas a senger Conclusioun schreift, huet sech an de leschte 15 Joer villes am Prisongswiesen zu Lëtzebuerg geännert.

Richard Malpas / © Privat
"P2 - Un an dans les prisons luxembourgeoises"
Richard Malpas
Erauskomm bei: Couleur Livres
144 Säiten
ISBN : 978-2-87003-954-0
19€