Axl Rose kéint bei AC/DC als Frontmann asprangen

De Brian Johnson kéint säi Gehéier verléieren an dierf dowéinst net optrieden. D'Tour drot ofgesot ze ginn. Elo kënnt vläit Hëllef vu Guns N'Roses.
Guns N' Roses gëtt nach dëst Joer e Comeback, aktuell sinn dräi Showen an den USA geplangt. Net esou gutt leeft et aktuell fir d'Kult-Heavy-Metal-Band AC/DC. De Frontmann Brian Johnson huet schlëmm Problemer mat den Oueren an hie riskéiert, fir daf ze ginn. Dowéinst hunn d'Dokteren him geroden, net méi live opzetrieden an dat zu engem Moment, wou AC/DC op Welttourneeë ass.
De Guns N' Roses Frontman kéint hinnen awer elo aushëllefen. Wéi et vum US-Rocksender WNNX heescht, wier den Axl Rose zu Atlanta am Bundesstaat Georgia gesi ginn, wéi hie mat de Memberen vun AC/DC geprouft hätt. Zu Atlanta war et och, wou déi aktuell Tour vun der Heavy-Metal-Band ofgebrach gouf. D'Band hat och schonn annoncéiert, datt si e Gaaschtsänger wéilten engagéieren.
Den Jason Bailey, Moderator bei WNNX, sot awer och, datt et bis elo nach net sécher wier, datt den Axl Rose och mat AC/DC déi lescht 10 Concerte vun der Tour géif spillen. Well offiziell gouf dat nach vu kenger Säit confirméiert.