Um Dënschdeg am Nomëtteg huet de Premier a Kultur-Minister d'Behuele vum Mudam-Direkter als inacceptabel bezeechent.

AUDIO: Affär Lunghi/Reportage Eric Hamus

Als Direkter vun enger kultureller Institutioun hei am Land hätt ee gewësse Rechter an Obligatiounen. An eng dovunner wier an Dignitéit ze schaffen. "Dat wat ech awer do gesinn hunn, war alles anescht wéi digne": Dat sot de Staats- a Kulturminister Xavier Bettel an enger éischter Reaktioun op d'Behuele vum Mudam-Direkter Enrico Lunghi. Dësen hat enger RTL-Journalistin an engem Interview den Aarm verdréint an de Mikro ewechgedréckt.

Den Enrico Lunghi ass zwar net méi Staatsbeamten a schafft am Mudam ënnert dem Statut "Congé sans traitements". Trotzdem ass hien nach responsabel ënnert sengem ale Staatsbeamte-Statut. De Xavier Bettel huet dofir eng Disziplinarenquête ordonnéiert.

Als Kommunikatiounsminister ass de Xavier Bettel och ganz kloer op der Säit vun der Pressefräiheet.

Et wier dann um Verwaltungsrot vum Mudam ze decidéieren, wéi d'Aarbechtsrelatioun mam Direkter virugefouert gëtt. Am Mudam selwer wollt op Nofro hin keen op d'Evenementer reagéieren. Et wier dofir nach ze fréi, esou eng Porte-Parole. Et wéilt een di weider Developpementer ofwaarden.

RTL

Wat war geschitt?

Wéinst engem Tëschefall de leschte Mount am Verlaf vun engem Interview hëlt d'RTL-Journalistin Sophie Schram de Mudam-Direkter Enrico Lunghi op d'Geriicht.

Dat huet der Journalistin hiren Affekot Me Pol Urbany e Méindeg den Owend an der Emissioun "Den Nol op de Kapp" op RTL Télé Lëtzebuerg ugekënnegt. D'Sophie Schram hat dem Mudam-Direkter am September eng Fro gestallt zu enger Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi sech vun offizieller Säit ongerecht behandelt fillt. Doropshi koum et zu enger méi hefteger Reaktioun vum Enrico Lunghi.

AUDIO: Reaktioun Enrico Lunghi

D'Journalistin war 10 Deeg no deem Incident an d'Urgence gaangen: Do goufe Prellunge festgestallt, a si krut zwee Deeg "Incapacité de travail" opgeschriwwen.

De Me Pol Urbany sot heizou am "Nol op de Kapp", datt den Enrico Lunghi dowéinst wéinst "Coups et blessures volontaires" viru Geriicht geholl gëtt.

AUDIO: Extrait Me Urbany

Dem Affekot no kéint et a 6 bis 8 Méint um Stater Geriicht zur entspriechender Citation directe kommen.

VIDEO: Nol: RTL-Journalistin hëlt Mudam-Direkter op d'Geriicht
Wéinst engem Tëschefall de leschte Mount am Verlaf vun engem Interview hëlt d'RTL-Journalistin Sophie Schram de Mudam-Direkter Enrico Lunghi op d'Geriicht.
RTL

Hannergrond

Eng Rei kritesch Kënschtler haten den Nol wéinst deem selwechten Thema - also der Fro vum Choix vun Artiste fir Ausstellungen - kontaktéiert, wollten awer anonym bleiwen, aus Angscht viru beruffleche Konsequenzen.

Dunn awer huet d'Fotografin, Molerin an Installatiounskënschtlerin Doris Drescher hir Geschicht virun der Kamera erzielt.

Am Nol-Reportage vum 19. September huet si de Mudam-Direkter Enrico Lunghi kritiséiert a bedauert, datt zënter hien op deem Poste wier, si an der Konschtzeen ëmmer méi géing ausgegrenzt ginn.

VIDEO: Nol op de Kapp: Kulturzeen (1. Deel)
Kënschtler, déi sech vun offizieller Säit ongerecht behandelt fillen.

Nodeems am Nol d'Problematik an der Lëtzebuerger Konscht-Welt opgegraff gouf, koum et den Dag duerno zu engem Suivi: déi zoustänneg Instanze hunn hei op d’Fro reagéiert, wéi si iwwerhaapt Kënschtler fir hir Ausstellungen auswielen.

VIDEO: Nol op de Kapp: Kulturzeen (2. Deel)
Nodeems am Nol vun e Méindeg d'Problematik an der Lëtzebuerger Konscht-Welt opgegraff gouf, kënnt et um Dënschdeg den Owend zu engem Suivi.

Communiqué vum Syndicat des Journalistes – Luxembourg

Prise de position du SJ-L dans l' « affaire Lunghi »

Le Syndicat des Journalistes - Luxembourg (SJL), se dit indigné par le traitement dont notre collègue Sophie Schram a été victime lors de son interview avec le directeur du Mudam, Enrico Lunghi. Nous tenons à rappeler que la violence aussi bien verbale que physique envers des journalistes est inacceptable sous toutes les circonstances. Nous espérons que cet incident déplorable servira aussi de leçon à celles et ceux qui, par le passé, ont exprimé des menaces similaires contre des journalistes sans caméra allumée et sans témoins.