Esou och d’ Stéck „ A la recherche des temps modernes“ vun de jonke Regisseure Claire Wagener a Jacques Schiltz. Schonn den Titel ass e Clin d’oeil un de bekannten Auteur Marcel Proust, ma verréit awer och, datt et ëm méi geet, wéi en alen Text.
Op der Bün ginn Zeene gewisen, déi un alen a rezenten Auteuren inspiréiert sinn: dat geet vu Goethe bis zu David Lynch. Déi zwee Regisseuren hunn doraus eng Textcollage mat Musek gemaach an dobäi ëmmer erëm d’Fro gestallt, wéi déi Texter mat der gesellschaftlecher a politescher Aktualitéit zesummenhänken. Do kënnt natierlech och d’Fro op, wat den Theater selwer haut fir eng Roll ka spillen.
„A la recherche des temps modernes“ gëtt nach bis den 11. Februar am Theatre du centaure gespillt, éier et den 13. Februar an de CAPE weidergeet.
Den 30. Januar gëtt dann och eng Table ronde organiséiert mat de Regisseuren an dem Journalist Petz Bartz, wou et dorëm geet, wéi den Theater an d’Press d’Realitéit gesinn a duerstellen.