
Direkt mat sengem éischte Kinosfilm “Hereditary” huet den New Yorker Regisseur fir grouss Opreegung bei de Fans vun der Well vum neien amerikaneschen Horror gesuergt. Dono mat Midsommar huet hien souguer deels nach méi héich Welle geschloen.
Seng Filmer enthalen nämlech net déi typesch Elementer vum Horror, respektiv net esou, wéi een se gewinnt ass. Et si Schockelementer dran, et ass Gewalt dran, kloer, ma an engem ongewinnten, neien a frësche “Package”, deen opfälleg anescht ass. Zu dësen neier Zort vun Horror-Filmer gehéieren beispillsweis och Filmer wéi “Get out” vum Jordan Peele oder “It follows” vum David Robert Mitchell.
Vill méi kafkaesque ass dann den neiste Film vum Ari Aster “Beau is Afraid”. Och wa vill elementer vum psychologeschen Thriller am Aster senge Wierker ze fannen ass, ass den alpdramhaften Horror en zentraalt Element vu senge Filmer, déi awer dacks an enger neier Form wéi gewinnt kommen. Speziell “Midsommar” weist, mat wéi vill Faarwe-Freed, Luucht, Blummen, Laachen a friddlecher Natur, also Elementer, déi fréier wéineg bis guer net am Horror ze fanne war, een hautdesdaags de Leit d’Fäerte léiert.
Wéi gutt kenns du dech mam Ari Aster a senge Filmer aus? Test däi Wëssen a probéier all Fro richteg ze beäntwerten.
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: David Lynch - Den ongeschloene Meeschter vum “moderne” Surrealismus
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: De Gaspar Noé a säi “Cinéma du corps”
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: David Cronenberg - De Mann fir d’Schock-Momenter
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Dem Yorgos Lanthimos seng Welt vu Léift a Leed
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Nazi-Kontroversen an Dogma 95 mam Lars von Trier
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Alejandro Jodorowsky: Surrealismus, Anarchie a Provokatioun
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Julia Ducournau - De Kierper-Kino am Horror-Kostüm
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Taaschten, Iessen a Gesellschaftskritik mam Surrealist Jan Švankmajer