David Lynch - Den ongeschloene Meeschter vum "moderne" Surrealismus
Hie gëllt als ee vun de gréissten nach liewende Regisseure weltwäit an ass dacks de "Liblingsregisseur vun dengem Liblingsregisseur".
Et gi verschidde Regisseuren, vun deenen huet all Mënsch wuel scho mol eppes héieren, ouni allerdéngs direkt e Film kënne vun ëm ze nennen. Zu dëser Zort gehéiert wuel den US-amerikanesche Regisseur David Lynch.
Wann ee seng Filmer zu eppes net ziele kann, dann ass et definitiv den Hollywood-Mainstream, eng Welt, déi hie jo ferm kritiséiert, dat a Filmer wéi Mulholland Drive oder och deelweis a senger Serie Twin Peaks.
Den David Lynch ass virun allem Kënschtler, iert e Regisseur ass, dat erkennt ee relativ séier u senge Filmer, déi fir vill Leit e Rätsel sinn. A genee dat ass de Sënn an Zweck vun engem Film, sou de Lynch selwer a sengen Interviewen. Soubal e Film opgekläert ass, ass en "dout", well de Schleier vum Mysteriéise sech dann opgeléist huet. An dëse "Schleier" ass awer Dréi- an Aangelpunkt an all dem Lynch senge Wierker.
De Stil vum David Lynch ass esou eenzegaarteg an zäitgläich onerklärlech, dass souguer am Film-Jargon de Begrëff "lynchesque" kreéiert gouf, fir d'Stëmmung an de Stil vum Regisseur ze beschreiwen, eng Stëmmung, déi awer net exklusiv bei senge Filmer ze fannen ass, mä sech zu engem universelle Begrëff entwéckelt huet mat de Joren.
Zënter 2006 huet den David Lynch kee Film méi gemaach, eenzeg déi 3. Staffel vu senger Erfollegsserie "Twin Peaks" huet d'Fans an de leschte Jore getréischt.
Wéi gutt kennt dir iech mam Lynch sengem Gesamtwierk, sengem Liewen a senger Philosophie aus? Test däi Wëssen a probéier all Fro richteg ze beäntwerten.