Metronomy, Cat Power, Idles a Band of Horses

Den Datum gouf am Dezember annoncéiert, elo goufen d'Headliner annoncéiert an déi sinn derwäert: Metronomy, Cat Power, Idles a Band of Horses.
"Metronomy", "Cat Power" oder och nach "Band of Horses" dat sinn déi grouss Nimm vun der 3. Editioun vum Siren's Call Festival, déi en Dënschdeg der Press presentéiert gouf. De Musek a Kultur Festival, dee vum Atelier an dem Neimënster organiséiert gëtt, ass a 5 Méint, also den 29. Juni am Quartier vum Gronn.
Zejoert ware ronn 2.500 Leit um Festival, dee par Rapport zu senger éischter Editioun no an no ausgebaut gëtt. Dem Michel Welter vum Atelier no muss de Festival och ëmmer weider developpéiert ginn.
Mat enger Mëschung vun nationalen an internationalen Museker, Liesungen, Ausstellungen oder Installatioune soll de Quartier op en Neits belieft ginn.
SIREN'S CALL: Méi iwwert de Festival och op 5minutes.rtl.lu.
De Virverkaf hat schonn de 14. Dezember 2018 ugefaangen. Déi Leit, déi do schonn zougeschloen haten, dierfe sech also op e musikaleschen Héichgenoss freeën.
Et gouf awer nach een anere Grond mat Zäiten zouzegräifen:
D'Besëtzer vun den éischten 200 Tickete kréien nämlech och Accès op d'Opening Night den Dag virdrun, deemno den 28. Juni 2019, déi op enger geheimer Plaz ass, am Fachjargon schwätzt ee vun enger "Secret Location", wou eng Selektioun vu lokalen Artisten an DJs d'Editioun 2019 alaut.
Weider Detailer iwwert de Festival an d'Programmatioun ginn et an engem méi laange Reportage den Owend kuerz virun 18 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.