5 Auszeechnungene beim Däitsche Fernsehpräis, 6 vun der Däitscher Fernsehakademie an zënter en Dënschden 5 Grimme-Präisser, dorënner och nees ee fir d’Lëtzebuerger Actrice Desirée Nosbusch an hirer Roll als intrigant Bankechefin Christelle Leblanc. Kee Wonner also, dass elo och eng zweet Staffel vun der lëtzebuergesch-däitscher Co-Produktioun gedréit gëtt. An dat och nees zu engem groussen Deel hei am Land, wéi dës Woch am European Convention Center um Kierchbierg.
10 Milliounen Euro kascht d’Produktioun vun der zweeter Staffel Bad Banks. D’Geschicht wäert mat all hire Figuren un de Schluss vun der éischter Staffel uknäppen. Den Haaptkonflikt wäert sech awer dës Kéier tëscht den traditionelle Groussbanken an neien, jonke Start-Uppen am Finanzberäich ofspillen.
Am Moment ass geplangt, déi 6 nei Folge bis zu der Berlinale am Februar 2020 fäerdeg ze hunn, ier se direkt duerno fir d’éischt op Arte diffuséiert ginn. Nach bis Enn Mäerz ginn Zeene vun der Serie zu Lëtzebuerg op engen 30 verschiddene Plaze gedréit.
RTL war bei den Dréiaarbechten um Kierchbierg dobäi (ee Sujet aus dem Journal vum Mëttwoch hei drënner an een aus dem Magazin vun RTL Télé Lëtzebuerg vum Donneschdeg, uewen).