Song-Covere ginn et eng jett, made in Luxembourg wuel manner. Mir presentéieren Iech eng nei Serie mat akustesche Covere vu Museksstudenten.

D'Rock Universitéit ass eng Museksschoul anescht wéi anerer. Do geet et net drëm d'Musek just einfach nëmmen ze spillen, mä se ze fillen, ze spieren a virun allem ze personaliséieren. All Léierstonn ass op de Besoin vun de Studenten ugepasst an dat weist sech och am Resultat.

D'Klasse si fir all Mënsch accessibel, souwuel fir Amateuren, wéi och Leit, déi méi exerzéiert sinn. D'Léierpersonal besteet aus professionelle Museker, Passionéierter, déi sech als Zil gesat hunn, all Talent ze fërderen.

All Woch presentéiere mir Iech iwwer den RTL You ee Video vun engem perséinlech gecoverte Lidd. Den Ufank mécht dat 11 Joer alt Naomi mat "If I ain't got you" vum Alicia Keys.