Am Kader vun enger Table ronde um Festival gouf och d'VR-Realisatioun "Fever" vum Karolina Markiewicz a Pascal Piron gewisen.

De Virtual Reality Projet "7 Lives" vum Jan Kounen a Koproduktioun mat a_Bahn aus Lëtzebuerg huet de "Prix Fiction" am Beräich "Fictions – Imaginer le réel" op der 4. Editioun vum VR Arles Festival gewonnen.

Dëse Festival dauert vum 1. Juli bis de 25. August 2019. Hei steet déi virtuell Realitéit am Mëttelpunkt an déi beschten Artisten weisen hir Experienzen, déi dacks tëscht Fiktioun, Documentairen an artistesche Wierker pendelen.

Niewebäi war och de VR-Film "Fever" vum Karolina Markiewicz a Pascal Piron an der Kompetitioun a gouf op enger Table ronde um Festival presentéiert, déi weise sollt, wat fir Méiglechkeeten et bei Projeten am VR ginn. Si waren iwwregens och en Donneschdeg an der Emissioun No ART On Air.