2015, wéi vill Flüchtlingen aus Krisegebidder op Lëtzebuerg koumen, huet de Serge Tonnar "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" gegrënnt.

D'Zil vun dëser ONG ass et, duerch divers Projeten, d'Leit aus Lëtzebuerg mat Refugiéeën zesummenzebréngen a sou den interkulturellen Austausch ze fërderen. A genee dëse But soll och hire neiste musikalesche Projet „Millen Sessions“ erfëllen, dee nach bis um Sonndeg op der Bungerefer Millen leeft.

„Kee méi doheem“ - war dat éischt Lidd wat de Serge Tonnar virun 20 Joer iwwer d'Situatioun vu Refugiéen am Bezuch op Lëtzebuerg  geschriwwen huet. Mat dësem Stéck huet hien de Projet "Millen Sessions" beim Flüchtlingsfoyer op der Bungerefer Millen agelaut, ee relativ isoléierte Lieu am Weste vum Land.

De Projet gëtt deene jonke Refugiéeën d'Méiglechkeet, sech aktiv un der Kreatioun vun engem Lëtzebuerger Kulturproduit ze bedeelegen. An enker Zesummenaarbecht mam Realisateur Thierry Besseling produzéiere si vu jeeweils engem Lidd vun all Concert ee Videoclip. Nieft dem Serge Tonnar kuerbelen hei de Weekend iwwer och déi Lëtzebuerger Musekerinnen C'est Karma a Marie Weis mat intimisteschen Akustik-Concerten den interkulturellen Dialog un.

Schonn am September geet dësen interkulturelle Projet a seng zweete Ronn. D'Diffusioun vum fäerdege Videoclip ass fir Enn des Jores geplangt.