De Maurice Clement an den Aamar kombinéieren klassesch an elektronescher Musek.

Klassesch Uergel mat elektronescher Musek an dat an der Iechternacher Basilika: de Maurice Clement
an den Aamar hu sech hei fir eng ongewéinlech Aarbecht zesummegesat. D’Konzept léisst hinne vill
Fräiheeten, ma och déi musse geüübt sinn.

Fir béid Artisten ass et en Experiment an deem zwou Welten openeen treffen. Dozou gehéiert Virwëtz,
Ëmdenken a Loscht um Spill. De Projet ass ganz am Sënn vun der neier Editioun vum Iechternacher Festival, dem "Echterlive". De Maxime Bender, Organisateur a selwer Museker, huet dofir bewosst déi zwee Kënschtler zu Iechternach
zesummebruecht.

Um "Worldmusic"-Dag vum Festival, dem 13. Juli, spillen de Maurice Clement an den Aamar dann ëm
Mëtternuecht an der Basilika.