Wéi steet et ëm d'Librairien hei am Land? Wou ginn et der nach a wéi hu se iwwert déi lescht Joren evaluéiert?

Ënnert anerem deene Froen gi mer dëse Summer an enger Serie no, an där sech alles ëm eng Partie vun de klenge Librairien hei zu Lëtzebuerg dréint. Mir huelen Iech mat a verschidde Bicherbutteker uechtert d'Land, weisen Iech, wat se ze bidden hunn a wat se vun aneren ënnerscheet.

Serie Librairien: Bicherhaischen

E Schlaraffeland fir d’Kanner – esou kéint een d’Bicherhaischen zu Nidderaanwen nennen. De Fokus läit hei kloer op de méi klengen a jonke Clienten. D’Laurence Hilger huet de Bicherbuttek virun 13 Joer opgemaach a leet och haut nach grousse Wäert drop, datt d'Bicher an och d'Spillgezei, dat si verkeeft, vun héijer Qualitéit ass. Bewosst verzicht d'Bicherhaischen op de Verkaf via Internet - d'Kanner sollen d'Bicher, hir Gréisst, d'Déckt vun de Blieder gesinn an och mol derduerch kucke kënnen.