Zanter der offizieller Erëffnung, den 9. Mee 2019, huet de Lëtzebuerger Pavillon op der 58. internationaler Konschtausstellung zu Venedeg grousse Succès bei de Visiteure gehat.
An der Hallschecht vun der Biennale, déi hir Dieren de 24. November wäert zoumaachen, ass d'Ausstellung "Written by Water" vum Kënschtler Marco Godinho scho vu méi wéi 43.000 Persoune besicht ginn. Déi nei Lag vum Pavillon huet och zu der héijer Unzuel u Visiteure bäigedroen, well de Grand-Duché op der Haaptausstellungsplaz vun der Biennale vertrueden ass, direkt am Zentrum nieft dem Giardini-Park.