11 Deeg, 127 Filmer an eng héichkaräteg international Jury: Vum Donneschden un heescht et op villen Plazen an der Stad erëm Luxembourg City Film Festival. Nei dëst Joer ass dann och en aussergewéinleche VR-Pavillon.
Bei der offizieller Ouverture en Donneschdeg den Owend sinn eng ganz Rei Éieregäscht derbäi. Och déi groussherzoglech Koppel hat sech fir d‘Ouverture am Kinepolis um Kierchbierg ugekënnegt. Dës Präsens gouf dunn awer nach kuerzfristeg annuléiert. Mir hunn ons am Kader vun der Ouverture mam artisteschen Direkter Alexis Juncosa iwwert de Festival ënnerhalen.