Vollen annuléiert! Hoteller eidel! An Zäite vum Coronavirus muss een doheem bleiwen an d'Vakanz ass ofgesot. An awer kann een an aner Kulturen oftauchen.

D'Offer vun internationale Serien ass iwwert déi divers Streaming-Servicer grouss genuch, fir eng Weltrees ze maachen.

Vu Südafrika eriwwer an d'Tierkei, fir méi genee ze sinn, op Istanbul.

Den Hakan ass e jonke Mann, dee sengem Monni hëlleft, säi Geschäft um lafen ze halen, wärend hie selwer op der Sich no Suen ass, fir säi neiste Projet ze finanzéieren. Wéi säi Monni ëmbruecht gëtt, fënnt den Hakan eraus, datt hien den "Protector" ass, an domat auserwielt ass, d'Stad Istanbul virum béisen, dem "Onstierflechen" ze beschützen.

"The Protector" ass eng Fantasy Serie. D'Geschicht ass déi vum Held, dee sech géint säi Schicksal wiert a léiwer e normaalt Liewe wëll féieren, mat der Fra, an déi hie sech verléift huet. Allerdéngs hunn do och nach "Loyale" e Wuert mat ze schwätzen. De Kemal an seng Duechter d'Zeynep sollen den Hakan op seng Missioun virbereeden, mee hunn all Méi, hie bei der Staang ze halen.

D'Mise en scène ass heiansdo e bëssen holpereg, Dialogen net ëmmer novollzéibar, wat awer och un der Iwwersetzung ka leien, vue dat den Originaltoun Tierkesch ass.

D'Stad Istanbul spillt eng grouss Roll an der Geschicht, an d'Oppositioun vun historesche Gebaier, wéi d'Hagia Sophia mat den Héichhaiser vum modernen Istanbul, spigelen de Konflikt vum Hakan, deen hin- an hiergerass tëscht senger traditioneller Flicht a sengen modernen Dreem.

"The Protector" kann een op Netflix kucken, et gëtt bis elo 3 Staffelen an 25 Episoden, eng 4.Staffel soll kommen.

 Fannt hei déi aner Deeler aus eiser Serie