
Déi 7 Signataire vum Bréif waren Ufank dës Joers Deel vun engem Groupe de travail, deen d’Ministesch selwer zesummegeruff hat, fir en Echange mat hinnen ze hunn.
An hirem Bréif fuerdere se, datt d’Kultur-Budgete gestäerkt musse ginn, well d’Kultur e ganz wichtege Rôle och no der Kris wäert spillen.
D’Suzanne Cotter, déi als Porte Parole fir de Grupp geschwat huet, huet betount, datt d’Kultur zum mentalen an emotionale Wuel vun de Leit bäidréit, mee och zur Inclusioun an der sozialer Kohesioun.
Et géife sech de Moment vill Froen fir de ganze Secteur stellen, net just fir d’Institutiounen, mee natierlech och fir d’Kënschtler oder d’Techniker zum Beispill.
Et wieren natierlech Ängscht do, ma mat dësem Bréif wéilt ee sech solidaresch a geschlossen weisen, fir den Defien entgéintzetrieden, déi och nach an den nächste Méint op de Secteur duerkommen
Ënnerzeechent hunn: Ainhoa Achutegui (neimënster), Suzanne Cotter (Mudam Luxembourg - Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean), Stephan Gehmacher (Philharmonie Luxembourg), Frank Hoffmann (Théâtre National du Luxembourg - TNL), Steph Meyers (Rotondes), Kevin Muhlen (Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain) an Olivier Toth (Rockhal – Centre de Musiques Amplifiées).