Eemaischen, Oktav, Sprangprëssessioun a Fouer digital opliewe loossen

© RTL Archiv
An der Zäit vun Annulatioune soll dat immateriellt Kulturierwen erhale bleiwen, fir dem Mënschen d'Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit ze ginn.
2007 gouf en nationalen Inventar vum immaterielle Kulturliewen hei am Land beschloss. Hei goufen dunn och 2008, also e Joer méi spéit, 4 Manifestatiounen, déi all Mënsch hei am Land e Begrëff sinn, opgeholl.
Dozou gehéieren d'Eemaischen, d’Muttergottes-Oktav, d’Iechternacher Sprangprëssessioun (déi zënter 2010 op der Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet steet) an d’Schueberfouer mat hirem Hämmelsmarsch.
Ma och dës 4 Evenementer bleiwen net vun de Restriktiounen an der Covid-19-Zäit verschount a goufe fir 2020 komplett ofgesot. Wéi et am Communiqué vum Kulturministère an der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun heescht, wieren awer grad elo esou festlech Traditiounen um Liewen z'erhalen.
Mat de Mëttele vun der Digitalisatioun soll dëst dann dëst Joer och ëmgesat ginn. No der digitaler Eemaische ginn et vum 2. Mee un digital Abléck an d’Muttergottesoktav an d’Traditioun vum Mäertchen. Partner vun dësem Projet sinn iHIst vun der Universitéit Lëtzebuerg, den Äerzbistum, d’Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg, de CNA an d’Luxemburger Wort.
Ma hei kann een net just kucken, mä et kann ee sech och interaktiv un dëse Projete bedeelegen, an deem ee Privatfotoe vun dësen Evenementer an Erënnerungen iwwert den Hashtag #DigitalIKI eropluet. Eng ganz Partie u Material kann een da vum 2. Mee un um offizielle Site vum immaterielle Kulturierwe Lëtzebuerg gesinn, respektiv op de Social-Media-Kanäl vun der UNESCO-Kommissioun.
Hei de komplette Programm vun der interaktiver Rees duerch eise Patrimoine (Ännerunge si méiglech)
2. Mee: D’Geschicht vum Mäertchen
10. Mee: D’Pilger (Lëtzebuerg a Groussregioun)
3. Mee: Quiz iwwert d‘Schutzhelleg
13. Mee: D‘Glaciskapell
6. Mee: D’Geschicht vun der Oktav
17. Mee: Storymap sur la Procession de Clôture