Filmer kucken – dat war am Confinement wuel eng vun eise Liblingsbeschäftegungen. Doheem, um eegene Canapé an um klengen Ecran, ma domat ass lo Schluss.

Wie wëll, ka vun e Mëttwoch un nämlech rëm an de Kino goen. Erlaabt wier et u sech schonn den 29. Mee gewiescht, ma d’Lëtzebuerger Kinoen hunn zesummen decidéiert, sech méi Zäit ze loossen. Zäit, fir sech op déi éischt Clienten ze preparéieren an hire Besuch esou sécher wéi méiglech ze gestalten.

Am Ciné Orion zu Ëlwen waart d’Ekipp ronderëm den Dif Differding schonn ongedëlleg op d’Reouverture, no enger Zwangspaus vu laangen dräi Méint. Säi Kino Mëtt Mäerz zouzemaachen, wier dem Nicolas Differding, genannt Dif, schwéier gefall. Virun allem, well dat eng Period wier, wou een an der Reegel vill Entréeën zielt. Ma och d’Reouverture ass net evident. Mat just engem Sall an 118 Sëtzplaze spiert een déi nei Sécherheetsmesurë méi wéi an engem grousse Kino, erkläert den Dif, deen zanter 23 Joer de Kino geréiert.

"Op 118 Plaze kënne mir der herno just nach 18 verkafen. Mir kënne kee Foyer verkafen den Ament, well mir einfach gesot hunn, mir géingen dat emol 4 Woche si loossen. Also keng Glacen, kee Gedrénks – wat eng kleng Recette trotzdeem fir eis ass. Am Virfeld, wéi mer zou waren, hu mir och ee relativ staarke Manque à gagner gehat. Also fir de klenge Kino ass et vill Suen, wann ee seet, et hätt een e Manque à gagner vu 7.000 - 8.000 Euro. Dat ass dat, wat d’Konte meeschtens equilibréiert um Enn vum Joer."

Ee klenge Kino wier souwisou net rentabel, wann een net mat benevolle Leit géing schaffen, esou den Dif. D’Marie-Paule Majeres ass eng vun den 30 Benevollen, déi am Ciné Orion eng Hand mat upéckt. Vun Ufank un ass si dobäi, genee sou wéi de Gros vun den anere Fräiwëllegen, ouni déi de Kino net géing funktionéieren. D’Marie-Paule Majeres kuckt mat gemëschte Gefiller op d’Reouverture.

"Net dass ech lo fäerten, hei ze schaffen, absolut net. Mee ech denken, dass net vill Leit kommen, well d’Leit hunn nach ëmmer immens Angscht, well net kloer gesot gëtt ‘dir braucht keng Angscht méi ze hunn’. Dat gëtt am Fong ni kloer thematiséiert, dofir kommen der mengen ech net vill. An dee ganzen Opwand fir dass herno dann dräi Leit kommen... mee gutt."

Genee sou wéi am Ciné Orion ginn och am gréisste Kino vum Land manner Leit eragelooss an iwwerall Desinfectanten opgestallt fir d’Clienten. Déi 10 Säll mat ronn 2.400 Plazen am Kinepolis Kierchbierg ginn no all Seance grëndlech gebotzt an desinfizéiert. Et wéilt een aus dem Kino ee sécheren Environnement maachen, erkläert de Christophe Eyssartier, Responsabele fir Kinepolis Lëtzebuerg.

"Le port du masque est obligatoire dans le bâtiment et dans le cinéma. On peut que ôter le masque une fois assis confortablement dans la salle, seul ou avec son ménage. Et ce qui est important: nous avons paramétré nos systèmes qui font en sorte que la distanciation sociale en salle est respectée. Donc vous êtes éloigné au moins de deux mètres du prochain client. Et bien entendu, en salle en principe on ne parle pas pendant le film. Donc toutes ces mesures ensemble font en sorte qu’on pense que le risque est vraiment négligeable."

Andeems keng Filmer gläichzäiteg ufänken, wëll een iwwerdeems de Flux vu Clientë reduzéieren. All dat féiert dozou, dass d’Capacitéite vum Kino staark erof ginn, bis op 30%.

Ma trotz all dëse Mesurë soll een d’Kino-Experienz awer och e bëssi genéisse kënnen. An dat geet am beschte mat Popcorn an anere Schneekegkeeten. Mee och hei waarden Ännerungen an Neierungen op de Client. Vun elo u kann een zum Beispill online ee Menü bestellen an um Point de Retrait ofhuelen. Bezuele kann ee just nach mat der Kaart. Op de Popcorn muss een awer net verzichten. Dee gëtt esou agepaakt, dass näischt dru kënnt, genee sou wéi déi aner Séissegkeeten. Kamellen am lassene ginn dowéinst zum Beispill net méi verkaf.

Wéi eng Filmer dann um groussen Ecran wäerte lafen, weess den David Carvalho. Hien ass fir d’Programmatioun zoustänneg, ass also quasi de Lien tëscht Distributeur a Client. Dass et am Summer roueg ass am Kino, ass näischt Neies. Nieft dem Summer-Blockbuster sti meeschtens Kanner- a Familljefilmer um Programm. Ma dëse Summer wier speziell, erkläert den David Carvalho.

"Bal all eis déck Filmer vun dësem Joer sinn einfach op d’nächst Joer gerutscht, ouni vill driwwer nozedenken. Hu mer e Choix? Net wierklech. Mir sinn un d’Distributeure gebonnen, genee sou wéi si un eis. Mir hunn natierlech "Mulan" wou virgesinn ass, den "Tenet", neien Nolan Film. Mee soss ass et zimmlech schwaach, fir dëst Joer alt emol."

Elo géing een drop hoffen, dass d’Leit dëse Summer manner an d’Vakanz ginn an dofir méi vum Kino profitéieren. Ma vue dass net vill grouss Filmer erauskommen, misst een am Contenu sou vill Variatioun wéi méiglech erabréngen.

De Christophe Eyssartier ass iwwerzeegt, dass d’Leit sech drop freeën, nees an de Kino goen ze kënnen. D’Stuff doheem wier nämlech net ze vergläiche mat engem grousse Sall, wou een zesummen ee Film entdecke kann. Wéi virdru wäert et wuel awer net ginn, op d'mannst net vun haut op muer.

RTL-Ëmfro