Zesumme mam Atelier organiséiert d'Gemeng Péiteng eng Rei Drive-In-Concerten. Den 3. Juli kënnt den däitsche Reggae-Museker "Gentleman" an d'CARena.

Nom Tim Bendzko, den 22. Juni a leider och sold out, fënnt mam Gentleman ee weideren däitsche Museker de Wee hei an d'Land.

De Kölner Star aus der Reggae-Zeen kënnt no Concerten 2016 am Atelier a senger MTV-Unplugged-Show 2017 an der Rockhal endlech nees zeréck op Lëtzebuerg. Live a mat Band an d'CARena zu Péiteng. Mat am Gepäck: seng nei Single "Ahoi", en Deel vu sengem éischten Album komplett op Däitsch "Blaue Stunde", deen am September réischt erauskënnt.


RTL.lu gëtt Iech d'Geleeënheet, fir gratis beim Concert mat derbäi ze sinn. Wat musst Dir dofir maachen?
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "Gentleman" an Ären Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt mat e bësse Chance Är Entrée fir an d'CARena.

Vill Gléck!

Tickete kritt een awer och iwwert den Atelier oder iwwer carena.lu.

An der Carena organiséiert d'Gemeng Péiteng zesumme mam Atelier a mat Caramba Cinemas verschidde Concerten a Film-Owender, dat um fréiere Site vum "Eucosider" zu Péiteng organiséiert.