En Dënschdeg gouf de KulturKanal lancéiert.

Kuk - Reportage

D'Kultur an d'Kënschtler hunn duerch d'Corona-Kris uerg gelidden an et ass den Ament och nach net kloer wéini nees e Concert oder en Theaterstéck ënner normale Konditioune kann opgefouert ginn. An der Zäit vum Confinement sinn awer en etlech Initiativen entstanen, bei deenen iwwer de virtuelle Wee probéiert ginn ass kulturell Projeten bei d'Leit heem ze streamen, wéi zum Beispill "Live aus der Stuff". Aus all dësen Erfarungen ass elo de KUK entstanen - dat steet fir Kulturkanal. D'Anne Simon an d'Milla Trausch aus dem artistesche Grupp vun der ASBL hunn an der Weekendronn Informatioune ginn.

Lancement vu KUK: Interview mam Anne Simon a Milla Trausch

Lancement vu KUK: Interview mam Anne Simon a Milla Trausch

Um 19 Auer gëtt den 23. Juni live aus der Villa Louvigny an der Stad den Optrëtt vun de Lëtzebuerger Museker Serge Tonnar a Georges Urwald iwwerdroen. Béid Kënschtler droen hir Reinterpretatioune vun ale Lëtzebuerger Lidder vir.

Ënnert dem Motto "Aus der Heemecht" sollten dës Museksstécker schonn am Mee viru Public virgestallt ginn, ma wéinst dem Confinement huet d'Evenement awer missen ofgesot ginn. Première feiert hir Live-Session elo op engem ganz speziellen Dag - nämlech op Nationalfeierdag.

No der Performance ass eng Froeronn ugesot tëscht dem Serge Tonnar, Georges Urwald an der Schauspillerin Katharina Bintz. Iwwert sozial Medie kënnen d'Leit vun Doheem aus Froen un d'Kënschtler eraschécken.

Aus der Heemecht

An hirem Programm interpretéieren de Serge Tonnar a Georges Urwald eng Rëtsch méi oder manner bekannte Lëtzebuerger Lidder aus dem 19. Joerhonnert, déi op eng radikal perséinlech Manéier reinterpretéiert goufen. Klassiker wéi "D'Pierle vum Da", "De groussen Hexemeeschter" oder "De Feierwon" huet ee warscheinlech nach ni esou frech héieren.

© Jeanine Unsen

Wisou grad Lidder aus dem 19. Joerhonnert geholl goufen? An der zweeter Hallschecht vun dësem Joerhonnert goufen eng Abberzuel Lëtzebuerger Lidder geschriwwen, déi d'Entwécklung vun der Gesellschaft zu deem Zäitpunkt duerstellen: hire Wee zur Eegestännegkeet, enger gefillter Natioun. Ma och alldeeglech Theme wéi Léift, Alldagswäisheeten, Aarbecht, Iessen a Gedrénks, Erënnerungen oder d'Heemecht hunn eng Plaz an dësen Texter fonnt.

Den topege Mann vum Serge Tonnar a Georges Urwald

Als besonnesch produktiv gëllen de Méchel Lentz, säi Bouf, den Edmond Lentz, de Jean-Antoine Zinnen, de Laurent Menager, de Gustav Kahnt an den Edmond de la Fontaine, genannt Dicks.

Tonnar - Urwald

De Serge Tonnar ass e Lëtzebuerger Aktivist a fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Nieft dem Komponéiere vu Lidder ass hien am Theater-Beräich aktiv an als Museker, Schauspiller, Regisseur an Auteur täteg. Hien ass Matbegrënner vu MASKéNADA, engem Kënschtlerkollektiv an enger Produktiounsplattform fir alternativ theatralesch a musikalesch Projeten. Am Joer 2015 huet hien d'Associatioun "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" an d'Liewe geruff, fir den interkulturellen Dialog zu Lëtzebuerg ze fërderen.

Musikalesch talentéiert ass och de Georges Urwald. Hien trëtt als Pianist bei gFLOTT an am Duo Hemmerlé Urwald, 1 op, arrangéiert iwwergräifend Museksprojeten a komponéiert Lidder a Bünemusek. Bekannt ass hien och duerch seng Tâche als Redakter vun der Heftserie iwwert Lëtzebuerger Kultur "De Litty". Am Stued Theater zu Gréiwemaacher ass hien ausserdeem den artistesche Leeder.

Wat ass KUK?

De KulturKanal ass eng autonom Plattform um Internet, déi vun Artiste gegrënnt gouf, fir aner Kënschtler z'ënnerstëtzen. Andeems e virtuelle kulturellen Uert geschaaft gëtt, kënne kënschtleresch Kreatiounen digital diffuséiert ginn an e méi grousse Public areechen. Donieft gëtt den interkulturellen Dialog stimuléiert an d'Onofhängegkeet vun den Artiste gefërdert.

Programm vun den nächste Wochen

  • D'Maus Kätti: 28.6.2020 um 11 Auer
  • TRIPTYPHON, Podcast Episod 1: 29.6.2020
  • Live Session: Lambert Schlechter (Texter), Kendra J Horsburgh (Danz), mudaze (Musek): 9.7.2020 um 19 Auer
  • DANCE FROM HOME!: 16.7.2020 um 19 Auer