Um Mëttwoch gouf beim Heeschdrëffer Schlass géint d’Zerstéierung vun engem Päerdsstall aus dem 17. Joerhonnert protestéiert.

D'Päerdsställ leien hannert alen authentesche Maueren, op der Kräizung Lëtzebuerger a Mëlleref Strooss, zu Heeschdref. Se sinn en Deel vum Park, dee vum Schlass aus dem 19. Joerhonnert dominéiert gëtt. D'Experte si sech eens, dass mat dëse Gebaier en extrem wäertvollt d'Stéck Patrimoine verluer geet a schwätze vun engem reegelrechte Skandal.

Si sinn ewell zu 1.600 Patrimoine-intresséiert Leit, déi sech zënter ugangs vum Joer, via sozial Medien, fir d’Erhalen a géint d’Ofrappe vun der historescher Bausubstanz hei am Land asetzen.

Um Mëttwoch goungen d’Membere vum Grupp mam Numm «Luxembourg under destruction» wéinst der Urgence vum Dossier awer e Schrëtt méi wäit, an hu beim Heeschdrëffer Schlass géint d’Zerstéierung vun engem Päerdsstall aus dem 17. Joerhonnert protestéiert.

Fänke mer vir un: D’Mauere gehéieren de Congregatiouns-Schwësteren, a fir si geréiert d’Asbl maredoc eng Partie Altersheimer. Um Site Heeschdref soll eng Dependance fir dement Leit hikommen - wougéint kee vun hinnen eppes hätt, soen d’Demonstranten. Mee dass dofir sollen dës Ställ verschwannen, wier e Skandal!

De Kulturministère hat d’Valeur vum Objet erkannt, d’Ställ ware klasséiert - also geschützt. RTL-Informatiounen no huet d’Regierung den Delai vun engem Joer, wou soll definitiv iwwert de Schutz decidéiert ginn, net agehalen. Obschonns den Dossier virlouch, d’Familljeministesch hätt sech op déi absolutt néideg gebrauchte Strukture fir eeler Leit behaapt, heescht et.

Fir d’400 Joer al Päerdsställ vum Jean Beck kënnt wuel all Hëllef ze spéit. Kulturministère an d’Congregatiouns-Schwëstere konnte sech net op e Kompromëss eenegen - vun Dialogue de sourds geet hei rieds.

Fir d’Verdeedeger vum Patrimoine bleift just eng Léisung: a priori séier all wäertvoll Bausubstanz vu viru 1955 schützen. Fir dass d’Zerstéierung gestoppt gëtt.