Wéi Disney um Donneschdeg annoncéiert huet, gëtt d'Verëffentlechung vum neie "Mulan"-Film op ondefinéiert Zäit no hanne geréckelt.

Den Datum fir d'Verëffentlechung vun der Realverfilmung vum beléiften Animatiounsfilm war schonn 2 mol verréckelt ginn, kierzlech nach op August 2021. "Star Wars" an "Avatar" kréien iwwerdeems e Joer Retard.

D'Fortsetzung vum Avatar-Film aus dem Joer 2009 ass elo fir Dezember 2022 geplangt, déi 10. Episode vu Star Wars fir Dezember 2023, am Plaz vun 2021, respektiv 2022.

Den Avatar-Regisseur, Dréibuchauteur a Koproduzent James Cameron hat op Twitter geschriwwen, datt d'Dréiaarbechten an Neiséiland wéinst der Coronakris Verspéidung kruten an d'Special-Effect-Aarbecht zu Los Angeles nach net konnt ufänken.

Am Abrëll schonn hat Disney eng Dose Marvel-Filmer no hanne verréckelt, dorënner "Black Widow" mam Scarlett Johansson an der Haaptroll, deen elo de 6. November soll erauskommen.

An och "The French Dispatch" vum Regisseur Wes Anderson, deen de 16. Oktober hätt sollen erauskommen, gouf op ondefinéiert Zäit verréckelt.