Nodeems Frankräich annoncéiert hat, dass Enn Summer nees Festivallen a Concerten autoriséiert ginn, koum elo eng gutt Nouvelle aus Däitschland.

Düsseldorf plangt nämlech e grousst Evenement mat Pop- a Rockstare wéi dem Bryan Adams, Sarah Connor, Rea Garvey, Joris, Michael Mittermaier a BossHoss. De 4. September kënne bis zu 13.000 Museksfrënn zesumme kommen, fir hire Liblingskënschtler nozelauschteren. Dëst ass nämlech dat éischt gréissert Event am Museksberäich zanter dem Lockdown am Mäerz.

Den Accord vun den Autoritéite kruten d'Organisateure schonn, fir e Concert vun ëm 150 Minutten am Düsseldorfer Futtballstadion z'organiséieren. Wichteg ass hei de Respekt vun de Sécherheets- an Hygiènesmesuren. Visiteure mussen e Mond- an Nueseschutz unhunn an tëscht de Sëtzplaze muss e bestëmmte Sécherheetsofstand agehale ginn.

Am Interview mat der "Rheinischen Post" huet den Organisateur Lieberberg gesot, dass ee sech freeë géing, dass nees Normalitéit an de Kultursecteur zeréckkënnt an esou nees gréisser Concerten erméiglecht ginn.