Am zweeten Deel vun eiser Serie iwwert d'Weltausstellunge geet et ëm d'Fro wat aus de Lëtzebuerger Pavillone vu viregten Expoe ginn ass a wat mam Gebai zu Dubai wäert geschéien, wann d'Weltausstellung bis eriwwer ass.

De Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai ass aktuell nach am Bau, a kascht 32 Milliounen Euro. Wann d'Weltausstellung fäerdeg ass, mussen d'Pavillone vun de verschiddene Länner fort. Dat gouf der Kommissärin fir d’Expo 21 Maggy Nagel no vun Ufank u vun den Organisateure kloer gestalt. An awer gëtt si d’Hoffnung net ob, datt d’Emiraten de Lëtzebuerger Pavillon hale wëllen:
Well d’ass e bësse Schued, wann ee sou laang op engem Projet schafft, dee just fir 6 Méint do steet an e gewësse Budget verlaangt huet, fir de Pavillon dono einfach zesummen ze klappen an da kënnen heem ze goen.

Och wann den deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider Ufanks nach dovu geschwat huet, de Pavillon zréck op Lëtzebuerg ze bréngen, als Sëtz vun der Luxembourg Space Agency, huet sech séier erausgestalt, datt de Käschtepunkt mat 16 Milliounen Euro ze héich géif leien.

Änlech war et iwwregens och schonn zu Shanghai 2010. D’Gebai wat vun Hermann&Valentiny entworf gouf, gouf schlussendlech dem chinesesche Vollek geschenkt. Haut steet et dem Architektebüro no allerdéngs komplett eidel a gläicht éischter enger Ruin.

D’Fro wat mam Pavillon no der Weltausstellung geschitt, huet sech zu Lissabon 1998 net am nämmlechte Mooss gestallt, ganz einfach well an der portugisescher Haaptstad net all Land en eegent Gebai, mee villméi e Stand hat. De Jim Clemens, Architekt vum Lëtzebuerger Pavillon vun der Expo98, zitt haut de Verglach mat engem Pop-Up Store:

D’ass eng Geschicht fir e Moment, déi och an der Zäit net onbedéngt Bestand hätt.

D’Architektur wier fir déi spezifesch Plaz an déi Zäit gewiescht a sollt eng Ausso zum Thema vun der Weltausstellung sinn:

Mir hunn en haaptsächlech aus Holz a Container a stolen Elementer gemaach, déi awer recycléiert goufen, a wann et nëmme war verschrott oder kompostéiert. An deem Sënn war et scho bësse „Cradle to cradle“. A wat hätt een och hei domat gemaach? Dat war och net sécher. Ee Moment ware Leit, déi Diskothéiken haten, zu Lissabon déi interesséiert ware fir den Dekor kënnen ze recuperéieren, fir a sou engem Lokal kënnen ze benotzen, mee d’war och net an deem Sënn eppes wat nohalteg gewiescht wier.

Keng eenzel Gebaier fir all Land an en duerchduechte Plang fir de Site och no der Expo, dat waren d’Iwwerleeungen deemools zu Lissabon. E Musterbeispill souzesoen, op dat mer am drëtten Deel vun der Serie nach méi am Detail zréck kommen.

Aner Deeler aus eiser Serie