Kënnt Dir Iech nach un de Meister Ede a säi Pumuckl erënneren? Fir vill Leit ass de klenge Kobold mat de rouden Hoer eng léif Erënnerung aus der Kandheet.

Hien huet Generatioune vu Kanner mat senge freche Spréch begeeschtert. Ronn 60 Joer nodeems de Pumuckl säi alleréischten Optrëtt hat, soll hie mat enger neier Serie zeréck op de Bildschierm kommen, mam selwechten Numm an Ausgesinn. Dat huet d'Pumuckl Media GmbH am Kader vum 100. Gebuertsdag vun der Pumuckl-Creatrice Ellis Kaut matgedeelt.

D'Serie gëtt den Ament vun der Produktiounsfima Neue Super entwéckelt an et lafe Gespréicher mat engem Streaming-Déngscht an engem Sender. De Plang wier, nach d'nächst Joer mat der Produktioun vun 13 Emissioune fir déi éischt Staffel unzefänken, déi dann 2022 soll op der Tëlee lafen. A wann de Plang opgeet, soll all Joer eng weider Staffel nokommen.

1962 huet d'Ellis Kaut dee freche Kobold mat de rouden Hoer erfonnt. D'Geschichte ronderëm de Meister Ede a sengem Pumuckl konnt een am Ufank just am "Bayrischen Rundfunk" lauschteren. De 17. November wier d'Ellis Kaut 100 Joer al ginn. Si ass am September 2015 gestuerwen. Nei Pumuckl-Geschichten, dat wier fir si de gréisste Kaddo gewiescht, sou hir Duechter Ursula Bagnall. Liesungen am Kader vun dësem ronne Gebuertsdag hu wéinst Corona missen alleguer annuléiert ginn. Eventuell wéilt een dëst d'nächst Joer nohuelen.

D'Ellis Kaut / © AFP